Verschenk en Abo!
Entscheet Dech fir nei Perspektiven, entscheet Dech fir en Abo vum Lëtzebuerger Journal.
Wann s de d'Noriichte kucks, hues de d'Gefill, d'Welt geet ënner, alles ass schlecht an et bréngt souwisou näischt, eppes dogéint ze ënnerhuelen? Du weess zwar, dass de Dech solls informéieren, packs et awer mental einfach net. Do bass de net eleng. Ëmmer méi Mënsche leiden ënnert Noriichtemiddegkeet an evitéiere Medie ganz bewosst.
Journal.lu bitt eng reell Alternativ fir all déi, déi sech wëllen informéieren, ouni sech dono schlecht ze fillen. D'Recherche vun eise Journalist*innen hält net beim Problem op, mee se geet méi wäit. Mir sichen no Léisungen déi funktionéieren, a schreiwen driwwer. Mir schaffe mat der Approche vum sougenannte Solutions Journalism.
Elo bestellen:
Nach ze abstrakt? Hei e puer konkret Beispiller wéi mir eis Sujet’en uginn:
Fir den Artikel Backen, Nähen, Singen: Wie Männer im Pflegeheim nicht vergessen werden huet d'Melody Hansen sech mat der Thematik beschäftegt, dass Männer a Pfleegeheemer an der Ënnerzuel sinn an dofir riskéieren, vergiess ze ginn. Hatt huet mat eeleren Hären am Heem, engem Gerontolog sou wéi enger Geschlechterfuerscherin doriwwer geschwat, wéi een deem kann entgéintwierken.
D'Laura Tomassini beliicht reegelméisseg d'Erausfuerderunge vun Entrepreneur*innen an huet fir den Artikel Kranke, die es nicht sind: Das Problem mit dem zunehmenden Absentismus mat Patronen doriwwer geschwat, wat falsch Krankeschäiner fir hire Betrib bedeiten.
Wie sech fir e Journal-Abo entscheet, entscheet sech net just fir eng léisungsorientéiert Vue op d'Welt, mee och fir eng, déi ganz villfälteg Perspektiven opweist. Eis Journalist*inne huele sech Zäit, mat ënnerschiddleche Leit iwwert hier Sujeten ze schwätzen an déi och perséinlech ze treffen.
De Christian Block huet sech a sengem Artikel Nach Krebs wieder arbeiten: Marias steiniger Weg mat enger Fra ënnerhalen, déi no hirer Kriibsdiagnos an hirem Job wollt weiderschaffen, mee net duerft. An dat obwuel an hirem Beruff, der Krankepfleeg, dringend no Fachleit gesicht gëtt.
Am Artikel Baum für Baum gegen Luxemburgs Waldsterben huet de Misch Pautsch doriwwer geschriwwen, wéi Privatbëschbesëtzer*innen hiren Deel zum Naturschutz bäidroen. Hie beschäftegt sech och mam Bildungssystem zu Lëtzebuerg. Zum Beispill am Artikel Ringen um Kontrolle: Wutanfälle im Klassenzimmer, an deem et drëms geet, wéi Gewalt d'Schoulhalen zum Deel onméiglech mécht.
Elo bestellen:
Vun Ufank u stoung de Mënsch beim journal.lu am Mëttelpunkt. Keen ass just seng Roll, an där en zu engem Thema interviewt gëtt, mir all si vill méi wéi dat. E gutt Beispill sinn d'Politiker*innen a Kënschtler*innen, déi de Pascal Steinwachs mat op seng Spadséiergäng hëlt.
Eisen Job ass et och, déi komplizéiert Saachen esou ze erklären, dass jidderee se versteet an an e Kontext ze setzen. Dat huet d'Camille Frati dëst Joer am Kader vu sengem Dossier Das Rentensystem auf dem Prüfstand der Zeit gemaach, an dem d'Journalistin sech mat der Fro beschäftegt, wéi déi éischt Pensiounsregimmer entstane sinn a wéi se sech entwéckelt hunn, ouni déi ursprénglecher Iddi aus den Aen ze verléieren: e Revenu ze bidden, deen et erméiglecht, nom Aarbechtsliewen en uerdentlecht Liewen an Dignitéit ze féieren.
Am Podcast D'Hoffnungsdréier hunn de Maxime Toussaint an de Misch Pautsch d'Team Lëtzebuerg ee Joer laang op hirem Wee op d'Paralympics 2024 begleet. Si waren iwwerall dobäi, bei den Ups, den Downs, a souguer zu Paräis, wou den Tom Habscheid schlussendlech eng Bronze-Medail mat heem bruecht huet.
Deng Léifst schwätze kee Lëtzebuergesch? Och dofir hu mir eng Léisung. All eis Artikele kënnt Dir an dräi Sprooche liesen a lauschteren: Op Däitsch, Englesch a Franséisch. Zousätzlech produzéiere mir reegelméisseg Podcast-Episoden an anere Sprooche wéi Lëtzebuergesch. Zum Beispill Histoires d'avocats, op Franséisch moderéiert vum Camille Frati, an dem hatt sech reegelméisseg mat engem Affekot oder Affekotin iwwer seng*hir Spezialisatioun ënnerhält a konkret Fäll beschwätzt. Well mir fréier oder spéider warscheinlech alleguer ee Mol en Affekot wäerte brauchen, deen eis Interesse vertrëtt.
Jill Lallemang
D'Aen iesse mat, seet ee jo ëmmer. Beim journal.lu ass et net anescht. Eis Fotografen, dorënner de Lex Kleren a Misch Pautsch setzen sech all Dag mat der Fro auserneen, wéi mir eis Geschichte visuell kënnen erzielen. Den Artikel Im Ameisenhaufen eines Amazon-Lagers mécht dat nach emol méi däitlech. Wann s Du en Artikel bei eis lies, soll dat eng Experienz sinn – mir notze Schrëft, Bild an Audio fir d'Emotioune vun engem Sujet esou reell wéi méiglech eriwwerzebréngen.
Elo bestellen:
Dat si mir:
Hu mir Dech iwwerzeegt? Da maach hei en Abo. A wann s Du fir d'éischt nach e bësse Virwëtze wëlls, abonnéier hei eisen Newsletter a lies een ausgewielten Artikel pro Woch gratis.