Podcast: 1 cm

Par Lëtzebuerger Journal Changer en allemand pour l'article original

Et gëtt geschat, datt 70 bis 80 Prozent vun de Beanträchtegungen net op den éischte Bléck siichtbar sinn. Mee grad dës Mënsche sinn oft am meeschte benodeelegt. An der leschter Episod vun eisem Podcast schwätze mir iwwer Hidden Disabilities - a wat mir all besser maache kënnen.

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d’œuvre. Gläichzäiteg ginn d’Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn.

Wéi gesäit d’Realitéit fir Persoune mat enger Beanträchtegung aus?
Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt? 
Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d’Erausfuerderungen an d’Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint. 
1 cm ass de neie Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

Op dëser Plaz an iwwerall, wou et Podcaste ginn, wäert dir no a no all d'Episode fannen. An enger inklusiver Approche wäerte mir déi eenzel Bäiträg och an einfacher Sprooch presentéieren.

Ganz verschidde Liewenssituatiounen

Mir stellen iech déi Leit vir, déi mir an de leschte Méint op hirer Aarbecht oder bei sech doheem begéint hunn. Si hunn eis vun den Hürden an Erwaardunge geschwat, déi si mam Thema Aarbecht an doriwwer eraus verbannen. Mir beliichten d'Efforte vun Info-Handicap a konfrontéieren d'Regierung mat deene Froen, déi sech aus eiser Recherche erginn.

Un dësem Podcast hu matgewierkt :
Interviews : Christian Block, Melody Hansen, Misch Pautsch
Konzept a Produktioun : Maxime Toussaint
Fotoen a Videoen : Lex Kleren, Misch Pautsch
Moderatioun : Joanne Theisen

Pour ne rien manquer, inscrivez-vous à la newsletter.

Pour finaliser l'inscription, clique sur le lien indiqué dans l'e-mail que nous venons de t'envoyer. Vérifie également ton dossier de courrier indésirable ou spam, en cas de doute. La mise à jour de ton profil Journal peut prendre quelques minutes.

Une erreur est survenue lors de ton inscription à la newsletter. Tu peux nous contacter à abo@journal.lu.

Suivant

Humaniser, c'est aussi s'exposer