Mäin Element - Emma Schymanski

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. „Mäin Element“ weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Emma Schymanski

An dësem Episod ass de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d'Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär : Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt : Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt.

Mam Emma schwätze si iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent.