New Work #5 - Plattformwirtschaft

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaange sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #5

Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen.

D’Martine Mirkes, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL, erkläert, datt déi Persounen, déi hir Servicer op Plattformen ubidden, an der Reegel als Indépendant agestallt sinn. Dobäi passen d’Konditiounen, déi d’Plattformen de Persounen opleeën, éischter zu engem ofhängegen Aarbechtsverhältnis an d‘Leit missten, esou d’Martine Mirkes, als Salariéë reklasséiert ginn. De François Biltgen, Riichter um Europäesche Geriichtshaff, gëtt eis en Abléck an d’Jurisprudenz zu dëser Matière. Wat ass der EU no eigentlech en „Arbeitnehmer“?

Souwuel d‘EU-Direktiven, déi de Moment ausgeschafft ginn, wéi och d’Gesetzespropositioune vun der CSL hunn als Zil, déi Persounen, déi fir esou Entreprisë schaffen, besser ze schützen, andeems si méi einfach en Urecht op en Aarbechtsvertrag kréien. D’Chambre des salariés fuerdert, datt elo schonn op nationalem Niveau reagéiert gëtt an huet hir Propositioun ëm e weidere Punkt, dee vum "Détachement virtuel", erweidert. 

Den 1. Dezember invitéiert d’Chambre de Salariés an d’EU-Kommissiounsvertriedung fir Lëtzebuerg op hir Konferenz. Hei wäerten de Kommissär Nicolas Schmit, deen des EU-Initiative lancéiert huet, säi Point de Vue nach méi detailléiert presentéieren, dernieft gëtt de François Biltgen en Abléck iwwert d’Urteeler déi an deem Kader scho geschwat goufen a matdiskutéiere wäert och de Prof. Dr. Luca Ratti vun der Uni Lëtzebuerg, deen op d’EU-Recht spezialiséiert ass.