Evergreens - Laangfristeg investéiere mam ELTIF

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #25

De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣

De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a betreit am alternative Beräich och de Volet ELTIF. De Claudio Pompei schafft bei der Spuerkeess am Departement vun der Clientèle institutionnelle mat Fokus op alternativ Fongen.⁣

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
En collaboration avec 
Pour ne rien manquer, inscrivez-vous à la newsletter.

Pour finaliser l'inscription, clique sur le lien indiqué dans l'e-mail que nous venons de t'envoyer. Vérifie également ton dossier de courrier indésirable ou spam, en cas de doute. La mise à jour de ton profil Journal peut prendre quelques minutes.

Une erreur est survenue lors de ton inscription à la newsletter. Tu peux nous contacter à abo@journal.lu.

Suivant

"Mon père, le chanteur ..."