Wat mengs du? - Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage
Diesen Artikel hören
"Ech hunn ofgedriwwen". "Ech och". Wierder mat enormem Gewiicht a firwat mir eis dat nëmmen ënner enkste Frëndinnen trauen zouzeginn. Wéi et mir d'Liewe gerett huet a wéi et sech fillt domat ze liewen. D'Angscht et ze mussen an/oder net méi ze dierfen. A virun allem firwat et och dech eppes ugeet.
Ech schwätzen hei net fir jiddereen. Dat ass net meng Pretentioun, net mäin Uleies. Ech schwätze fir mech. Vläicht och fir dech. Op alle Fall fir eis. Fir déi, déi pësperen a volle Räim.
Mat 22 sinn ech schwanger ginn. Trotz Pëll. Tombée enceinte. Gutt gesot. Well wéi falen huet et sech och ugefillt.
Mat 22 hat ech eng Ofdreiwung. Eng interruption volontaire de grossesse. Net well ech misst, mee well ech konnt. Bon, dat ass net ganz richteg.Well ech duerft. Net well ech konnt iwwert mäi Kierper, meng Zukunft, mäi Liewen entscheeden; esou wéi ech et wollt. Well ech duerft iwwert mäi Kierper, meng Zukunft, mäi Liewen entscheeden. Et huet een entscheet, ech dierft. Et huet een entscheet, wat ech dierft an zu wéi enge Conditiounen. Et huet een entscheet, wat a wat ech net dierf mat mengem Kierper maachen.
Dat war zu Bréissel, menger zweeter Heemecht. Well mat 22 – also am Januar 2012 - ass dat zu Lëtzebuerg net gaangen. Nëmmen an engem Cas de détresse. "Et deet mer Leed, Madame. Dann hätt der sollte besser oppassen". Fir Madamm ze sinn ass et duer gaangen, fir selwer ze wësse wat dat Bescht fir mech ass, wuel net. Meng Ambitiounen, Dreem a Virstellungen, mäi Recht op e gutt Liewen, op mäi Liewen, d’Recht op ee Liewe mat Zukunft fir mäi Kand. Dat alles ze verléieren, dat alles wechgeholl ze kréien: Ah nee, dat war net détresse genuch. Egoismus sot dir elo vläicht. Eng Strof soen ech. Eng Strof, well ech hätt et misse besser maachen, besser wëssen. Méi responsabel sinn. Ee Feeler, deen een net ze maachen huet. Schumme soll ech mech. Fir ëmmer. A fannen, dass et dee schéinste Kaddo vun dëser Welt ass. Dir hat jo Recht.
Liz Thielen
-
D'Liz ass villes op eemol - Fra, Frëndin, Schwëster, Duechter, Entreprenerin, Partnerin, Hondsmamm, Bicherwuerm, Museksfrëndin an, jee nodeem wien ee freet, eng "radikal Idealistin". Si léiert, dat alles zesummenzehalen - d'Widderspréch, de Chaos, d'Freed - als Deel vun deem, wat et heescht, Mënsch ze sinn.
Si erzielt berufflech Geschichten - Geschichten iwwer Mënschen, Politik an d'Raim dertëschent. Aus engem klenge Land mat grousse Gespréicher, huet si jorelaang Wierder fir anerer formuléiert. Haut schafft si iwwer Snakke & Co. mat aneren zesummen, fir aus Gespréicher Iddien ze maachen, an aus Iddien Impakt.
Am Fong gleeft si dorun, datt Geschichte Gesellschafte kënne beweegen - an datt Verännerung mam Courage ufänkt, iwwer dat ze schwätzen, wat wichteg ass.
Haut mat 35 weess ech, dass et mir d’Liewe gerett huet. Net literally, an awer. Ech hu meng Uni weider gemaach, niewebäi geschafft a mech a menger Fräizäit engagéiert. Ech hunn nei Passiounen entdeckt, meng Talenter fonnt. Als Klassebescht mäi Studium ofgeschloss an d’Ofschlossried vum engem Joergang gehalen. Säitdeem hunn ech op deene coolste Plazen op der Welt geschafft a sinn op de Spuere vu Gigante gelaf. Ech hu vill grouss Schung gefëllt an d'Dier ëmmer gäre fir Anerer opgehalen. Dat alles, well ech duerft. Och konnt, mee nëmme well ech duerft. Deemools just zu Bréissel, e puer Méint méi spéit och zu Lëtzebuerg.
Haut mat 35 schätzen ech dat ëmsou méi, mäi Privileeg. Well et ass net selbstverständlech an ech hu leider rechtlech wéineg Afloss dorobber. Haut an all Dag säit deem Moment weess ech, dass et déi eenzeg richteg Entscheedung fir mech war. A fir dat Kand. Et war den eenzeg responsabele Choix. Mee genau wéi deen Dag, dee Moment mech fir ëmmer begleede wäert, verfollegt mech déi Schimmt. Wat ass, wann een dat rausfënnt? Dofir pëspere mir. Haut decidéieren ech, net méi wieder ze pësperen.
Also. Kuerz am Resumé: Virun 13 Joer, wéi ech hätt wéilten, duerft ech net, e puer Méint méi spéit, wéi ech net méi misst, hätt ech geduerft. An ob ech, du oder mir muer op d’Dierfen hoffe kënnen? Abee, dat kann haut keen eis garantéieren.
Hoffentlech läit dëst net an der Hand Gottes, well am Joer vum Här 2025 gouf verkënnegt: Fir de Kardinol wier et een trauregen Dag an eiser Geschicht, wann d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung vum Land verankert géif ginn. Mäin Recht op mäi Kierper an eisem Grondgesetz ze sécheren ass een däischtere Moment an der Geschicht vu Sengem Land. Hien dierf weider fräi schwätzen, dat ass säi Recht, ech awer net fräi iwwer mäi Kierper decidéieren, dat geet ze wäit. Virum Här si mer dach all gläich. Bon, ausser et ass een eng Fra, anscheinend. Dann dierf ech just wat Hien mir erlaabt.
Ech wëll mech och elo hei guer net weider op eisen honorablen Representant Gottes aschéissen. Hien ass just e Sënnbild. Et geet net ëm Hien. Et geet ëm mech an och ëm dech. Ëm hatt an ëm hien. Et geet ëm eis all. Et geet drëms. wéi mer driwwer schwätzen. Hien prophezeit. Hien warnt, Hien mahnt. Mir? Mir pësperen. Am hellege Krees. Ënnert eis. Wann iwwerhaapt. "Ech och".
"Virun 13 Joer, wéi ech hätt wéilten, duerft ech net, e puer Méint méi spéit, wéi ech net méi misst, hätt ech geduerft. An ob ech, du oder mir muer op d’Dierfen hoffe kënnen? Abee, dat kann haut keen eis garantéieren."
Ech si ganz éierlech. Mir si jo ënnert eis. Ech wousst laang net, ob ech hei heiriwwer schwätze wëll. Ech dierf zwar, an awer. Driwwer ze schwätze mécht mer Suergen. Dass ech de Leit domat op den Nerv ginn. Schlëmmer: dass et de Leit egal ass. Scho rëm dat Thema. Dir hutt dach schonn, dier dierft dach schonn. Roueg elo! Et mécht mer awer och richteg Angscht. Fir mech. Fir mäi Kierper, fir meng Sécherheet. Fir mäi Job. Net just, well ech et gemaach hunn, mee well ech driwwer schwätzen. Béides soll een(t) net.
Deemools, wéi se mir d’Recht op d’Dierfe ginn hunn, huet et aus dem Krautmaart geheescht: "Nous sommes conscients que chaque avortement est un échec et que tout doit être fait pour l'éviter". Ech ginn dem Här Volleksvertrieder a Rapporteur vum Gesetzestext jo Recht. Also zum Deel. Wann ech kéint, géif ech alles dofir maachen, dass du ni wäerts musse wëssen, wat et heescht, eng Ofdreiwung ze hunn. Ech wënscht, ech kéint jidderengem dat Leed erspueren. Physesch. Séileg. Ech wënschen dat kengem. Net mol Him.
Et als Echec ze bezeechne fannen ech … komm mir soen … onsympathesch. Wien bass du, eh pardon wou bleift mäi Respekt, Dir, mir ze soen, dass eng vun de schwéiersten, wichtegsten a richtegsten Decisioune vu mengem Liewen en Echec ass? Well dann erkläert mir wannechgelift: Wat wier mäi Gewënn gewiescht? A wie wär de Gewënner? Mäi Kand an ech, sécher net. Ëm eis soll et jo anscheinend goen. Gell? Just checking.
Am Joer 2025 schwätze mer net méi (oder nach net), ob ech dierf oder net, mee dovun, ob et soll als ee vu menge Grondrechter gëllen. Fir dass kee méi sou schnell entscheede kann, dass ech net méi entscheeden däerf. Firwat dat esou wichteg ass? Ma well net méi spéit wéi des Woch nach änlech Téin aus eisem Héichen Haus erklonge sinn, déi fannen, dass mäi Wëllen eng "rücksichtslose Ideologie" ass, déi "polarisiert, radikalisiert und damit den gesellschaftlichen Zusammenhalt gefährdet". Vun déiwem Haass gëtt geschwat, vun Intoleranz mengersäits. Meng "Gesinnung" wier net edel genuch. Wat eng Ironie. Kënnt net genau aus dësem Gefill eraus d’Iddi, dass ech am Beschten net wësse soll, wat am Beschten fir mech ass?
Op eng gewësse Manéier (an ech muss zougi mat vill Effort) kann ech och nach e Versteesdemech fir den Här opbréngen. Et ass eng radikal aner Weltuschauung, wéi ech se hunn. An awer erkennen ech säi Recht un, ze dierfen. Hien dierf dat mengen, hien dierf dat esou gesinn. Hien dierf seng Meenung hunn, genau wéi ech. An dofir wäert ech mech ëmmer asetzen. Eng Gesellschaft, an där all Mënsch déi selwecht Rechter huet. Dat ass alles wat ech wëll. Wat mir wëllen. Sou, ech sot et. Wéi radikal vu mir. Sorry, ech wollt elo kengem op d’Féiss trëppelen. Ech tendéieren heiansdo zur Hysterie.
Wat mengs du?
-
Eemol am Mount gi mir enger Stëmm eng Plaz – enger Persoun, déi wéinst hirem Studium, hirem Beruff oder hirer perséinlecher Erfarung Expert oder Expertin op engem Gebitt ass: Expertinnen an Experten aus dem Alldag, fir eng Krankheet, eng speziell Liewenssituatioun – oder einfach just fir eng kloer Meenung.
Hues du eppes ze soen? Da schéck eis deng Iddi fir en Meenungsartikel op journal@journal.lu.
Mee ganz éierlech, esou eppes schockéiert mech net, et iwwerrascht mech mol net méi. Et mécht mech just traureg. Well wie mengt et wier einfach, esou eng Decisioun ze treffen, dee weess näischt. Mir denken all oft a vill drun. Nach Joren a Joerzéngten dono. Mir pësperen driwwer, wa keen eis héiert. "Ech och". Mir sinn är Frëndinne, är Schwësteren, är Mammen, är Partnerinnen. A kee vun eis huet et bereit, de Choix gehat ze hunn. D’Recht ze hunn de Choix dierfen ze treffen. Fir eis. Well et deen eenzege richtege Choix war, egal op wéi eng Case de Choix gefall ass. Och fir iech.
Et geet mir net drëms, dech ze iwwerzeegen, dass eng Ofdreiwung cool ass. Oder dass de eng solls hunn. Oder dass de an de Genoss vun dësem Recht solls kommen, dat am Allermannsten. Not a fan of abortions? Don’t get one. E simpele Choix. De V an IVG steet net fir näischt fir "volontaire". A béid Richtungen. E Recht, keng Pflicht. Ech kann, ech muss net. Awer nëmme soulaang ech däerf. An dat wëll ech vun dir, dass mir – a jo domat och du - eis asetzen dofir, dass kee muss, jidderee kann a mir all dierfen. Net méi, net manner. Net just haut, mee och muer.
Et geet mer net drëms ze splécken. Ee géint deen Aneren. Carrement de Contraire. Ech wënscht mer méi Empathie, méi matenaner. Well mir - dëse Club "impitoyable" wéi mer genannt goufen – sinn eis eens. Mee ënnert eis eleng ze sinn, dat geet net duer. "Preaching to the converted". Ze oft ass dat nach de Fall, leider. Dat war mäin Usporn heifir. Ech wëll eleng kënne fir mech schwätzen, mee net eleng musse schwätzen. Ech wëll, dass de weess, dass de net eleng bass. An eisem Club ass jidderee wëllkomm. An domat mengen ech och dech. Wéi schéin et war dëse Weekend esouvill staark Fraen ze liesen. Vum staarke Geschlecht, wéi mer ob en Neits gewisen hunn. Wou waars du?
Mir perséinlech huet et – wéi gesot – d’Liewe gerett. Mengem deemolege Partner och. Genau wéi senger haiteger Famill. A menger zukünfteger. Genau wéi villen aneren. Fraen a Männer. An dorëms geet et mer. Et ass mäi Kierper an de Choix ass mäin. Mee d‘Recht de Choix ze hunn. Ze dierfen. Dat geet eis all eppes un. Ech zielen op dech. Looss eis driwwer schwätzen. Haart a mat stolzer Stëmm.