Wat mengs du? - Firwat erauszegoe fir mech e Kraaftakt ass
Diesen Artikel hören
"All Kéiers, wann ech anzwuersch ginn, geet eng Onmass u Froen duerch mäi Kapp." Dat seet d'Marielle Molitor. An eiser Carte Blanche schwätzt hatt iwwer de Mental Load vun engem Mënsch mat enger Beanträchtegung, erkläert, wéi eng Froen dat sinn a wat hatt sech vun eiser Gesellschaft wënscht.
Kann ech do parken? Gëtt et eng Parkplaz fir Behënnerter? Wat maachen ech, wa se besat ass? Um wéi vill Auer muss ech fortfueren, fir de Fall, datt ech keng Parkplaz an der Géigend kréien? Musse Leit wéinst mir waarden? Wou ass d’Entrée? Wéi kommen ech an d’Gebai? Gëtt et Trapen an hu se Gelänner? Ass d’Toilette um Rez-de-chaussée oder op engem anere Stack? Gëtt et e Lift? Brauch ech e Schlëssel? Ass en net esouguer defekt? Gëtt et Méiglechkeeten, fir sech ze sëtzen? Sinn do net ze vill Leit? Wäert et Gedrécks ginn? Muss ech engem meng Besoinen erklären? Kann ech een ëm Hëllef froen, ouni Ëmstänn ze maachen? Hunn ech genuch Energie fir all Eventualitéiten? Soll ech net léiwer all deem aus dem Wee goen an heiheem bleiwen, an domadder vill kierperlech a mental Energie spueren?
Ech si 35 Joer al a gouf mat siwe Joer mat enger progressiver neuromuskulärer Krankheet diagnostizéiert. Ech ka goen, wann och net wäit, ech ka stoen, wann och net laang, an ech brauch e Rollstull just fir laang Strecken, z. B. um Fluchhafen. Ech hu mir dës Froen net ëmmer misse stellen, well meng Krankheet sech zu verschiddene Liewensetappen anescht manifestéiert huet. Bei enger progressiver Krankheet ass et awer üblech, datt Froen no an no derbäikommen, engersäits, well d’Krankheet progresséiert, anerersäits duerch schlecht Erfarungen.
Marielle Molitor
-
D’Marielle Molitor huet Germanistik a Luxemburgistik studéiert an ass zënter néng Joer Lëtzebuergeschproff.
An hirer Fräizäit huet si haaptsächlech gemittlech Hobbyen: Serie kucken, liesen, molen, hiren Hond knuddelen, eppes iessen oder drénke goen, ... eeben alles, wou ee sëtze kann.
Si huet sech réischt dëst Joer mam Sport versöönt: säit si Aqua-Gymnastik fir sech entdeckt huet, e Sport, deen an hirer Altersklass méi rar ass. Si ass bei wäitem déi Jéngst am Grupp.
D’Marielle ass awer och vill online ënnerwee. Heiansdo kläert si op Instagram iwwer Ableismus an ableistesch Ongerechtegkeeten op, mee och dat hëlt Energie, déi bei enger chronescher Krankheet net ëmmer do ass. Si huet awer net vir, opzehalen, op dës Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen.
All déi Gedanke si fir mech selbstverständlech ginn a mir ass bewosst, datt et der vill sinn. Dobäi hunn ech nach Chance. Eng Persoun am Rollstull ka guer net deelhuelen, wann Trapen do sinn an e Lift futti ass. Persoune mat anere Behënnerunge stelle sech ganz aner Froen. Mir hunn awer alleguer eppes gemeinsam: mir kënnen eis ni sécher sinn, op wat fir Barrièrë mir treffen, wa mir eis Wunneng, eise "safe space", verloossen. Et kënnt oft vir, datt ech dee Wee wielen, dee mech am mannste midd mécht: heiheem bleiwen. Firwat? Ech treffen net op onbekannt Barrièren, ech kréie vu kengem d’Gefill Ëmstänn ze maachen a mir bleiwe Mikroaggressiounen a virun allem all déi Froen erspuert. Dat heescht natierlech net, datt ech mer heiheem ni e Kapp maachen, mengen enkste Matmënschen zur Laascht ze falen an datt ech soss am Alldag net duerch meng Behënnerung, mäi Kierper, mäi Charakter, meng Ängschten, etc. op Barrièren treffen.
Wouriwwer maachen ech mer da Suergen, wann et ganz einfach ass, andeems ech heiheem bleiwen? Mee, mir Mënsche brauche sozial Kontakter an et deet eis gutt, nei Erfarungen ze maachen. Routinnen si bequeem, mee Ofwiesslung deet eis gutt.
"Traut iech erauszegoen, iech ze weisen, är Besoine matzedeelen, sidd och heiansdo "onbequeem" fir anerer, sot eppes a beschwéiert iech esouguer, wann eppes net klappt."
Marielle Molitor
Ech hunn dësen Text geschriwwen, fir Bewosstsinn fir dësen Aspekt, dës Gedanken a Suergen, vum Liewe mat (m)enger Krankheet a Behënnerung ze schafen. D’Deelhuelen um gesellschaftleche Liewen ass e Grondrecht an duerfir ass eng Plaz ouni Barrièrë kee Luxus.
Ausserdeem soll en och e Message sinn, datt méi Verständnis fir dës Hürden empfonnt gëtt. Ech wëll elo net all Kéiers applaudéiert kréien, wann ech d’Haus verloossen. Ech wënsche mer méi Gedold a Verständnis, an den Effort Barrièren ze benennen an aus dem Wee ze schafen, fir datt Behënnerter allgemeng dobausse manner Ängschten a Suergen hunn, net d’Gefill kréien, eng Laascht ze sinn, a sech freeë kënnen, op eng flott Plaz ze goen. Jidderee kann duerch en onglécklechen Zoufall zu all Moment behënnert ginn a spéitstens am Alter ass een op eng Ëmwelt, an där ee sech sécher beweege kann, ugewisen. Firwat net elo schonn derfir kämpfen, Barrièren aus dem Wee ze schafen?
Ableistesch an Ableismus
-
"Ableistesch" ass d’Adjektivform vun "Ableismus". Datt Behënnerter am Alldag diskriminéiert ginn, dierft deene meeschte bekannt sinn: eng Entrée an e Gebai, wou et just Trape gëtt, e Lift, dee wochen- oder méintlaang net gefléckt gëtt, aner Forme vun Ausgrenzung, etc. Ableismus geet awer méi wäit wéi "just" Behënnertefeindlechkeet. Fir d'éischt emol setzt de Begrëff sech aus dem engleschen Adjektiv "able", also fäeg/kapabel, an dem Suffix "-ismus" zesummen a staamt aus dem US-amerikaneschen "Disability Rights Movement", der Behënnertebeweegung fir d’Rechter vu behënnerte Mënschen an den 1980er Joren.
Als Norm huet d’Gesellschaft de korporelle Standard, dee fäeg/kapabel, also "normal", ass. Eng ableistesch Siicht geet dovun aus, datt jidderee sou ass an d’Welt gëtt op dëse Standard konzipéiert. Behënnerung gëllt mat dëser Usiicht als "mannerwäerteg".
Dës Approche erweidert d’Behënnertefeindlechkeet an engem kapitalistesche System op d’Bewäertung vu Fäegkeeten, déi eng gesellschaftlech Norm huet. Dës Virstellunge vun "Normalitéit" wäerte Behënnerter of, well si déi sinn, déi par rapport "net fäeg" sinn.
Ob mir et wëllen oder net, ginn a goufe mir all an engem ableistesche System sozialiséiert a sinn alleguer ableistesch, och behënnert Persoune selwer.
Zum Schluss e Message un déi Leit, déi an enger änlecher Situatioun si wéi ech: Traut iech! Nei Erfarungen ze sammelen ass esou wichteg! Traut iech erauszegoen, iech ze weisen, är Besoine matzedeelen, sidd och heiansdo "onbequeem" fir anerer, sot eppes a beschwéiert iech esouguer, wann eppes net klappt. Ech weess, datt et net ëmmer einfach ass. Heiansdo huet een d’Energie net, mee wa se mol eng Kéier do sollt sinn, maacht et. Eis Gesellschaft ass ableistesch* sozialiséiert an nëmmen esou kënne mer op eis Suergen opmierksam maachen. Nëmme sou kommen eis Besoine bei deenen un, déi schlussendlech Decisiounen huelen. An deene leschte Joren ass scho vill geschitt, mee et ass nach Loft no uewen.
Wat mengs du?
-
Eemol am Mount gi mir enger Stëmm eng Plaz – enger Persoun, déi wéinst hirem Studium, hirem Beruff oder hirer perséinlecher Erfarung Expert oder Expertin op engem Gebitt ass: Expertinnen an Experten aus dem Alldag, fir eng Krankheet, eng speziell Liewenssituatioun – oder einfach just fir eng kloer Meenung.
Hues du eppes ze soen? Da schéck eis deng Iddi fir en Meenungsartikel op journal@journal.lu.