Maach en Abo!

Entscheet Dech fir nei Perspektiven, entscheet Dech fir en Abo vum Lëtzebuerger Journal.

Wann s de d'Noriichte kucks, hues de d'Gefill, d'Welt geet ënner, alles ass schlecht an et bréngt souwisou näischt, eppes dogéint ze ënnerhuelen? Du weess zwar, dass de Dech solls informéieren, packs et awer mental einfach net. Do bass de net eleng. Ëmmer méi Mënsche leiden ënnert Noriichtemiddegkeet an evitéiere Medie ganz bewosst.

Journal.lu bitt eng reell Alternativ fir all déi, déi sech wëllen informéieren, ouni sech dono schlecht ze fillen. D'Recherche vun eise Journalist*innen hält net beim Problem op, mee se geet méi wäit. Mir sichen no Léisungen déi funktionéieren, a schreiwen driwwer. Mir schaffe mat der Approche vum sougenannte Solutions Journalism.

Nach ze abstrakt? Hei e puer konkret Beispiller wéi mir eis Sujet’en uginn:

De Christian Block huet sech a sengem Artikel Sprungbrett in die Freiheit mam Sujet auserneegesat, wéi Prisonéier nom Ofsëtze vun hirer Strof gehollef kréien, erëm an den Aarbechtsmarché eranzeklammen.

Am Artikel Neurodivergenz - Kein Tik Tok-Trend huet de Misch Pautsch doriwwer geschriwwen, wéi Mënschen duerch Sozial Medien ënnerstëtzt ginn, hir Krankheet ze entdecken, domat eens ze ginn a sech doduerch manner eleng fillen.

Wien sech fir e Journal-Abo entscheet, entscheet sech net just fir eng léisungsorientéiert Vue op d'Welt, mee och fir eng, déi ganz villfälteg Perspektiven opweist. Eis Journalist*inne schreiwen an der Reegel een Artikel pro Woch. Si hunn Zäit, mat ënnerschiddleche Leit iwwert hier Sujeten ze schwätzen an déi och perséinlech ze treffen.

Fir den Artikel Ständige Kommunikation, dee sech mat der Thematik beschäftegt, wat et eigentlech nëtzt, wann d'Elteren hir Kanner permanent iwwerwaachen a wat d'Risiken heivunner sinn, huet d'Audrey Somnard mat sechs ënnerschiddleche Persoune geschwat, déi hire Point de Vue duerstellen.

Vun Ufank u stoung de Mënsch beim journal.lu am Mëttelpunkt. Keen ass just seng Roll, an där en zu engem Thema interviewt gëtt, mir all si vill méi wéi dat. D'Politiker*innen a Kënschtler*innen, déi de Pascal Steinwachs mat op seng Spadséiergäng hëlt, sinn och net ëmmer déi aus der éischter Réi.

Eise Job ass et och, déi komplizéiert Saachen esou ze erklären, dass jidderee se versteet. Dat huet d'Camille Frati dëst Joer am Kader vu sengem Artikel Ist die Indexierung unersetztlich? gemaach, wéi d'Journalistin sech mat der Fro beschäftegt huet, wat den Index de Leit an der Wirtschaft dann elo schlussendlech bréngt, a wat d'Alternativen dozou kéinte sinn.

Am Marlee Dos Reis sengem Podcast Ënnert dem Teppech schwätze Fraen iwwer Sujeten, déi eis alleguer beschäftegen, mee déi oft nach Tabu sinn. Wéi ass et wierklech, Mamm ze ginn? Wéi eng Bedeitung hunn eis Hoer fir eist Selbstwäertgefill? A wat heescht Female Empowerment am Alldag? Geschwat gëtt an där Sprooch, déi grad passt.

Deng Léifst schwätze kee Lëtzebuergesch? Och dofir hu mir eng Léisung. All eis Artikele kënnt Dir an dräi Sprooche liesen: Op Däitsch, Englesch a Franséisch. Zousätzlech produzéiere mir reegelméisseg Podcast-Episoden an anere Sprooche wéi Lëtzebuergesch. Zum Beispill de Luxembourg Waffle Podcast, moderéiert vum Teodor Georgiev a vum Laura Tomassini, an dem si sech all Mount mat engem Mënsch ënnerhalen, deen zu Lëtzebuerg wunnt, mee net hei opgewuess ass. Mat hinne léiert Dir nei Kulture kennen a kritt en anere Bléck op d'Lëtzebuerger Land.

D'Aen iesse mat, seet ee jo ëmmer. Beim journal.luass et net anescht. Eis Fotografen, dorënner de Lex Kleren a Misch Pautsch setzen sech all Dag mat der Fro auserneen, wéi mir eis Geschichte visuell kënnen erzielen. Den Artikel Biker*innen gegen Mobbing mécht dat nach emol méi däitlech.Wann dir en Artikel bei eis liest, soll dat eng Experienz sinn – mir notze Schrëft, Bild an Audio fir d'Emotioune vun engem Sujet esou reell wéi méiglech eriwwerzebréngen.

Dat si mir:

Hu mir Dech iwwerzeegt? Da maach hei en Abo. A wann s Du fir d'éischt nach e bësse Virwëtze wëlls, abonnéier hei eisen Newsletter a lies een ausgewielten Artikel pro Woch gratis.