Konflikter tëscht Generatioune ginn et schonn esou laang, wéi et Mënsche ginn. Dobäi kënne si immens vill vunenee léieren. An dësem Podcast brénge mir jeeweils e jonken an en eelere Mënsch zesumme, fir sech iwwer e bestëmmte Sujet auszetauschen. Dës Kéier geet et ëm d'Aarbecht als Pilot mam Daniel Colling a mam Jil Kalmes.
Dës Podcast-Episod gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.
Daniel Colling a Jil Kalmes
Den Daniel Colling ass zanter 35 Joer Pilot bei der Luxair an ass entretemps als Accountable Manager responsabel fir d'Gesamtoperatioun, mee flitt alt och nach als First Officer. Wéi hien deemools als Kopilot mat enger klenger Embraer 120 ugefaangen huet, misst hien nach mat Spréch wéi "Do, wou's du elo sëtz, louch meng Kap, wéi ech ugefaangen hunn" eens ginn.
D'Jil Kalmes ass mat 23 säit ronn zwee bis dräi Joer Kopilotin a mécht do well méi positiv Erfarungen. Hautzedaags ginn Teamwork a Matbestëmmung an der Aviatioun nämlech vill méi grouss geschriwwen.
Wéi sech d'Aarbecht am Cockpit mat der Digitaliséierung verännert huet, wéi stressresistent Pilot*inne dann elo wierklech sinn, a wéi dat ka sinn, dass nach ëmmer esou wéineg Fraen sech un de Beruff eruntrauen: Dat an nach vill méi zielen si an dëser Episod vu Generatioun A-Z.