(On)bekannt
By Jill Lallemang, Maxime Toussaint, Ilana Joseph, Sam Guerreiro Article only available in German
De Podcast, an deem d'Jill all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
#33 Christophe Prosperi
D'Jill begéint de Christophe Prosperi op der Terrass vum Vis-à-vis an der Stad. Déi éischt Emojis loossen hatt nach un e "Finance Bro" denken, mee séier gëtt kloer, datt hannert de Messeren an de Kach-Emojis eng Geschicht vu Leidenschaft, Ausdauer an Entrepreneursgeescht stécht.
Hien erzielt vu sengem Wee an d'Gastronomie, vu senger Kandheet an der Kichen, vu sengem eegene Restaurant am Mëllerdall an dovun, wéi hien sech den Dram vun der Selbstännegkeet erfëllt huet. Dobäi geet et ëm déi haart an ëm déi schéi Säite vum Beruff, d'Verännerungen an der Gastronomie, de Culinary World Cup, sozial Medien an d'Aarbecht hannert de Kulissen, déi d'Gäscht meeschtens ni matkréien.
Handwierk, Courage, Famill an Erfolleg stinn am Mëttelpunkt vun dëser Episod, an de Christophe Prosperi erkläert, firwat Zäit an der Kichen heiansdo déi wichtegst Zutat ass.
#32 Khalid Oké
Nodeems d'Jill fir d'éischt mol um Fändel scheitert, trëfft hatt de Khalid, besser bekannt als Oke, am Konrad zu Bouneweg. Ganz onbekannt ass hien him awer net: Déi zwee kennen sech schonn duerch Musek, Podcasts an Instagram.
De Khalid schwätzt iwwer säi Wee als Museker, säi Liewen tëscht Lëtzebuerg an Nigeria an d'Gefill, zwou Heemechten ze hunn. Dobäi geet et ëm grouss Bünen, perséinlech Wendepunkten, Famill, Rassismus, Therapie a seng Relatioun zur Musek. Fir hien ass Musek nämlech vill méi ewéi nëmmen Entertainment: Si ass eng Manéier, Geschichten ze erzielen, Kulturen ze verbannen an Themen unzeschwätzen, déi him wichteg sinn.
E Gespréich iwwer Wuerzelen, Identitéit, Alter-egoen, grouss Dreem an doriwwer, firwat een heiansdo aus der Rei danze muss, fir säin eegene Wee ze fannen.
#31 digiloom
Branded Content
Fir dës Episod ënnerbrécht d'Jill eng Pingpong-Party – an trëfft dobäi net just op eng Persoun, mee op e ganze Grupp, deen sech hannert enger Wollek verstoppt.
Hannert dësem mysteriéise Symbol stécht nämlech digiloom: E frësch gegrënnte Centre de ressources, deen sech mat digitaler Bildung a Mediekompetenz beschäftegt, an dobäi virun allem déi ënnerstëtzt, déi mat Kanner a Jugendlecher schaffen.
Tëscht virkonfiguréierten Digiboxen, Gaming am pädagogesche Kontext an der Fro, wéi een eigentlech "richteg" mat Medien ëmgeet, entwéckelt sech e Gespréich iwwer d'Roll vun Educateur*ricen als Multiplicateuren, iwwer Experimentéieren amplaz Virgaben, an doriwwer, firwat et heiansdo méi wichteg ass, selwer eng Haltung ze fannen, wéi d'Äntwert direkt ze hunn.
Wéi nei digiloom eigentlech ass, wat een do alles ausléine kann, a wat e sougenannte learningLab ass, gëtt hei genee esou gekläert.
#30 Alexandre Ecker
Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet.
Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro: Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Sprooch, déi laang keng kloer definéiert Orthografie hat, an am Verglach zu beispillsweis Englesch guer net mol esou vill Ressourcen huet? Doriwwer eraus schwätzt hie mam Jill iwwer Sproochwandel, Jugendsprooch a Liblingswierder – an doriwwer, wat am geschwate Lëtzebuergesch och mol méi oder manner irritéierend ka sinn.
Nieft senger berufflecher Bezéiung zur Lëtzebuerger Sprooch huet den Alexandre Ecker och eng Rëtsch Hobbyen. Sou strieft hien et un, mam Motorrad zwee Mol ronderëm d'Welt ze fueren, lauschtert Opere fir ze kräischen (wann hien net grad Rock-Musek aus de 90er op den Oueren huet), a keeft leidenschaftlech gäre méi Bicher, wéi hien der liese kann.
#29 David Goldrake
Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit: D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich.
Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut mécht hien tëscht véier bis aacht Showe fir am Schnëtt 11.000 Leit pro Sall an der Woch a schléift, wann et héich kennt, dräi bis fënnef Stonnen den Dag – awer dat ganz gären.
Firwat Le Petit Prince ee Buch ass, mat deem hien sech identifizéiere kann, op a wéini een als Illusionist och alt mol Angscht virun Tricks kann hunn, wéi et am Fong ass, a "Sin City" ze liewen an Ablécker hannert d'Kulissen: All dat, an nach vill méi, deelt den David Goldrake mam Jill.
#28 Luc Spada
Dës Episod trëfft d'Jill Lallemang op de Luc Spada, deen net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee souguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered.
Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad an de Krom passt a wat sech fir hien authentesch ufillt. Mënschlech, frech a mat vill Selbstironie ënnerhalen déi zwee sech iwwert déi méi schwéier ze romantiséierent Facettë vum Schreiwen, doriwwer, wéi ee moderéiert, wann een emotional vun eppes getraff ass, Männer (fuerchtbar nerveger a manner nerveger), a wéi wäit berüümt ze si gutt oder schlecht wier.
Op de Luc Spada elo 15, 40 oder souguer 80 Joer laang zu Berlin war, ier hie fir d'Léift de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt huet, gëtt zwar net gekläert. Mee eens si hien an d'Jill sech, dass et e risege Spaass ass, ganz undercover Friemen an der Ëffentlechkeet beim Schwätzen nozelauschteren – an dëst och alt als Inspiratiounsmaterial ze benotzen.
#27 Anne Wies
An dëser Episod trëfft d'Jill Lallemang am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rëm… an hunn sech méi wéi genuch ze zielen.
D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, an eng rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi wëll. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei eng Goldschmattesch gaangen, fir se nei ze designen – an do huet et gefunkt. Haut mécht hatt se selwer: Bijoue mat Séil, déi no Wochen a Méint Aarbecht de Numm vun engem Mënsch droen, deen him eppes bedeit.
Si schwätzen doriwwer, wéi een eleng een Atelier féiert, iwwer Diddl-Maisercher, Familljegeschichten, an de Kulturschock vun hollännescher Iesskultur. An natierlech: Wou fillt een sech doheem, wann een tëscht Amsterdam a Lëtzebuerg pendelt?
#26 Lou Philipps
Skulpturen, Fotografie oder Kleeder: Dem Lou Philipps säin Häerz schléit fir d’Konscht. Fir hatt war et also selbstverständlech, säin Job draus ze maachen.
No senge Studien zu Wien a London, wou et am léifste bliwwe wier, ass et zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hatt haut als Directrice vun der Valerius Gallery schafft. Bei engem Matcha am Knopes erzielt hatt dem Jill, dass säin Appartement voller Biller steet, obwuel et näischt ophänken dierf, dass et wichteg ass, Konscht ze kafen, fir jonk Kënschtler*innen ze ënnerstëtzen, an dass et an all Galerie eng Offer fir all Budget gëtt.
Si schwätzen och vu Fashion a vu Reesen. Dat mam Fliger, mam Zuch… oder souguer mat engem Van voller Konschtstécker a Richtung Ibiza.
#25 Dunia Ciuferri
D’Dunia Ciuferri tätowéiert am eegenem Studio Scuro zwar gréisstendeels mat schwaarzer Tënt, ma fält virun allem mat hirem sonnegen a bonten Optrëtt op. Déi jonk Entrepreneuse, Kënschtlerin an engagéiert Aktivistin huet an de leschte Joren net nëmmen e Raum fir kënschtlereschen Ausdrock geschaf, ma och e safe space, an deem sech jidderee wuel fille kann, esou, ewéi en ass.
Eng Waarmhäerzegkeet, déi och dëst Gespréich duerchaus spigelt. Well nieft seriöen Themen ewéi Fraefeindlechkeet an Homophobie gëtt virun allem haart gelaacht a mat enger gesonder Portioun Selbstironie op d’Vergaangenheet zeréckgekuckt.
#24 Julien Hübsch
Wien alles als Konscht ugesäit, muss och mat de Konsequenze liewen.
Deemno erzielt eis de Lëtzebuerger Kënschtler Julien Hübsch an dëser Episod, wisou hien an enger Ausstellung eng Toilette huet misse botzen a wisou seng Bezéiung mam Jesus net esou einfach ass. D'Jill léiert dobäi net nëmmen d’Konscht aus der Renaissance besser kennen, ma och déi verschidden Entwécklunge vun engem fuussegem Pokemon.
E Gespréich, dat esou villsäiteg ass, ewéi dem Julien Hübsch seng kënschtleresch Ausdrocksformen oder dem Charme vum Minett – egal, wei gutt d’Jeunesse Esch sech momentan um Terrain schléit!
Du wëlls méi?