(On)bekannt - Chaild

By Jill LallemangLex Kleren Article only available in German

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 23

Hutt dir iech scho gefrot, wisou Chaild mat engem A geschriwwe gëtt? An dëser Episod kritt der d'Äntwert. Ausserdeem erzielt den Adriano dem Jill alles iwwer seng Erfarunge beim LSC an doriwwer, wéi hien sech bei dem ganze Prozess gefillt huet. Et geet ëm mental Gesondheet an dorëms, wéi et ass, vun engem Dag op deen aneren e Promi ze sinn. D'Jill freet sech iwwerdeems, ob dem Adriano säin Dag méi wéi 24 Stonnen huet, well nieft senger Musek, mécht hien nach e ganze Koup aner Saachen, mat deenen dir vläicht net gerechent hat.

*op Lëtzebuergesch