Minimalismo Francesco Tristano

By Daniel Nepgen Article only available in German

De Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano steet mat deem enge Fouss an der akademescher Musekswelt a mat deem aneren an der experimenteller. Mir schwätze mat him iwwer Produktivitéit an Zäite vun der Pandemie, d’Kraaft vu rythmescher Trance an den Afloss vun der Technologie op d’Evolutioun vun der Musek.

Francesco Tristano presentéiert p:anorig

Musek ass Musek, egal ob klassesch oder elektronesch. A béid Welte verbënnt méi mateneen, wéi ee mengt. De Francesco Tristano weist zanter Jore mat ganz diverse Projeten, dass op béide Säiten eng Zort änlech Energie an de Kläng a Kompositiounen ze fannen ass.

Den 1. August 2021 kënnt hie mat senger technoider Konzeptshow p:anorig an den Haff vun der Iechternacher Abtei. Am Virfeld vu sengem Concert erkläert eis de Kënschtler d’Iddi hannert senger aktueller Produktioun, déi weder en DJ-Set, nach e konventionelle Concert ass. A mir kréien en Abléck a seng generell Visioun vun der Musek.

*op Lëtzebuergesch

© Marie Staggat