De Podcast an deem d'Jill Lallemang all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
(On)bekannt - Ep. 5
Fir de fënneften Episod setze mir dem Jill de Beruffsscout Philippe Berscheid virun d'Nues. Eng Partie vun iech kennen den Iechternacher aus dem Podcast Erklär&Laach oder duerch de fréiere YouTube-Channel Duck Féiss. Déi zwee schwätzen driwwer wéi de Benevolat sech verännert huet, firwat Lokalpatriotismus sou wichteg ass an d'Jill kritt e Crashcours iwwert d'Bréisseler Studentekultur.
*op Lëtzebuergesch