De Podcast an deem d'Jill Lallemang all Kéier eng Persoun virun d'Nues gesat kritt, mat där et potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
(On)bekannt - Ep. 4
Am véierten Episod léiert d'Jill de Vic "Mishka" kennen. Hien huet zanter kuerzem seng Beruffung als Barista a sengem eegene Lokal an der Stad fonnt, mee huet virdru berufflech eppes ganz aneschtes gemaach. Beim gemittleche Gespréich matzen an der Stad op der Terrass schwätzen déi zwee iwwert hir Leidenschaft fir Live-Musek, iwwert den "Brennpunkt" Garer Quartier a klären ee fir allemol, wat gudde Kaffi ass.
*op Lëtzebuergesch