De Gemengepodcast - Déifferdeng

By Laura TomassiniLex KlerenMike ZenariMaxime ToussaintPatrycja Pruchenska Article only available in German

Vu Sëll an d’Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, am Gemengepodcast huelen d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal dech mat an déi 100 Gemenge vum Land. An der zweeter Staffel dréit sech alles ëm de Summer an de Gemengen. Mir waren an all Bezierk vum Grand-Duché ënnerwee an hunn do mat Awunner*innen a Lokalpolitiker*inne geschwat. Am drëtten Episod ass d'Laura Tomassini zu Déifferdeng ënnerwee.

Gemengepodcast – Ep.7 Déifferdeng

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

Déifferdeng ass eng Stad mat dausend Gesiichter – bal 30.000, fir genau ze sinn. Fir vill vun hinne geet et am Summer Richtung Ausland, bei d'Famill oder an den Hotel, an am Zentrum gëtt et virun allem am August relativ roueg. Eng Plaz, wou awer ëmmer eng lass ass, ass de Minettpark Fond-de-Gras. Wärend den Train1900 an d'Minièresbunn bei Jonk an Al fir Begeeschterung suergen (zanter Kuerzem kann ee jo souguer an engem vun den ale Waggonë schlofen), zéien déi vill verschidde Festivals all Joer Leit aus Lëtzebuerg, mee och dem Ausland un. De Blues Express, d'Anno 1900 Steampunk Convention, Kiwany's History Vehicles: ronderëm déi fréier Industrie-Gare gëtt et esou munches ze erliewen an de Wee an den déiwe Süden ass definitiv derwäert.

Déifferdeng huet wéi all Stad awer och mat klengen a gréissere Boboen ze kämpfen. Virun allem d'Theme Verkéier, Sécherheet a Beliewe vum Zentrum stinn an der Gemeng ëmmer nees am Vierdergrond. D'Laura Tomassini war e puer Deeg an der Minett-Stad ënnerwee an huet esouwuel mam Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP), der Oppositiounspolitikerin Manon Schütz (déi gréng), ewéi och dem Steampunk-Fan Pascal Zimmer a Passant*innen iwwer dat geschwat, wat Déifferdeng ausmécht, wou de Schong nach dréckt a wéi een hei de Summer verbrénge kann.

*op Lëtzebuergesch