De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal - Ep. 1 Kaf lokal
By Maxime Toussaint, Lex Kleren, Sana Murad Article only available in German
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, huele mir se op: an engem Podcast. Fir de Start schwätze mir mam Vincent Della Schiava iwwer de Sujet "Kaf lokal".
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
Ep. 1 – Kaf lokal
Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen?
Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt.
Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "On-Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Kaf lokal" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", wäert d'Feierboun eis mat hirem Specialty Coffee op all Etapp begleeden.
