De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal - Ep.4 Traditiounen an enger polariséierter Welt
By Maxime Toussaint, Misch Pautsch, Lex Kleren Article only available in German
Listen to this article
Eise Kaffisdësch ass weider am ganze Land ënnerwee. A wéi all Kéiers kommen dobäi spannend Gespréicher eraus, déi mir an engem Podcast ophuelen. Dës Kéier schwätze mir mam Alain Atten iwwert de Sujet Traditiounen an enger polariséierter Welt - an dat passenderweis um Bord vun der Sprangpressessioun.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
Ep. 4 – Traditiounen an enger polariséierter Welt
All Joer kommen um Päischtdënschden ongeféier 20.000 Leit zu Iechternach zesummen, fir ze sprangen.
D'Sprangpressessioun, säit 2010 Deel vum Patrimoine culturel immatériel de l'humanité vun der Unesco, ass en Danz, deen déi Gleeweg maachen, fir net krank ze ginn, esou den Alain Atten, pensionéierten Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller.
Als jonke Bouf ass den Alain Atten nach matgesprongen. An de leschten 20 Joer ass hien allerdéngs mat RTL do, fir den Event ze couvréieren. An awer méi wéi dat: Hien ass nämlech op eisem Kaffisdësch laanscht komm. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal nämlech virun der St. Willibrord Basilika, mat guddem Kaffi vun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", am Asaz, fir mat eise Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Wéi eng Bedeitung stécht eigentlech hannert der Sprangpressessioun? Wéi wichteg sinn Traditioune fir d'Zesummeliewen an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi divers gëtt? A wat fir eng Roll spillt d'Sprooch an deem Ganzen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem sougenannte Sproochmates gestallt.
An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Traditiounen an enger polariséierter Gesellschaft" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.