![](/sites/default/files/styles/640_square/public/upload/media/image/2023-07/%2A%20Recording%20%28On%29bekannt%2C%20Yannick%20Jander%2C%20Ultraschall%20Kollektiv%2C%20Foto%20-%20Lex%20Kleren%2C%20230728-2.jpg?h=eabc01ce&itok=0enSaZ5Q)
De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.
(On)bekannt - Ep. 17
An dësem Episod trëfft d'Jill op e "basketspillende Schoulmeeschter, dee gär danzt", wéi d'Jill mengt un den Emojien ze erkennen – bis op dat mam Danzen huet et richteg geroden. Den Danz-Emoji beschreift nämlech dem Yannick Jander säin Engagement am Ultraschall Kollektiv, wou hien als Venue-Manager dofir verantwortlech ass, dass d'Organisatioun vun de Partyen klappt: vum Site iwwer d'Fournisseure bis bei den Opbau vun der Bün. Bei engem Drink am Pop-Up Hertz schwätze si och iwwer dem Yannick seng rezent Rees an Australien an si diskutéieren iwwert déi Fro, déi sech iwwert de Summer jidderee gestallt huet: Barbie oder Oppenheimer?
*op Lëtzebuergesch
![](/sites/default/files/styles/1280/public/2023-08/Recording%20%28On%29bekannt%2C%20Yannick%20Jander%2C%20Ultraschall%20Kollektiv%2C%20Foto%20-%20Lex%20Kleren%2C%20230728-7.jpg?itok=KZv2tO13)
![](/sites/default/files/styles/640/public/upload/media/image/2023-07/Recording%20%28On%29bekannt%2C%20Yannick%20Jander%2C%20Ultraschall%20Kollektiv%2C%20Foto%20-%20Lex%20Kleren%2C%20230728-5.jpg?itok=vG8MYKCO)