"Matzen an der Menopause, mee voll am Liewen"

Von Lëtzebuerger Journal

Diesen Artikel hören

Mat Invitéeën an Interviewpartner*innen huet de Lëtzebuerger Journal de Launch vu Menoplay gefeiert. De Podcast soll zur Opklärung bäidroen a weisen: D'Menopause ass keen Enn, mee eng nei Etapp.

Zesumme mat Invitée*ën an Interviewpartner*innen huet de Lëtzebuerger Journal de 15. Oktober offiziell Menoplay lancéiert, de Podcast iwwert d'Menopause. A Präsenz vun der Martine Deprez (CSV), Ministesch fir Gesondheet a Sozial Sécherheet, sinn d'Lynn Warken, Directrice, d'Melody Hansen, Chefredaktesch, an de Maxime Toussaint, Head of Podcast vum Lëtzebuerger Journal, op d'Beweeggrënn an d'Entsteeung vum Podcast agaangen. Déi éischt Episod ka säit en Donneschdeg op journal.lu an iwwerall do, wou et Podcaste ginn, gelauschtert ginn.

A sechs Episode geet dësen deene ville Facette vun enger Liewensphas op de Grond, déi nach ëmmer mat villen Tabuen a Mëssverständnesser verbonnen ass. Wéi preparéiert een sech drop a wou hapert et nach u Support?

Den Titel vum Podcast ass dobäi méi wéi just ee Wuertspill. Wa Behandlung an Encadrement stëmmen, kënne Fraen d'Menopause als eppes Positives a Befreiendes erliewen. Keen Enn also, mee en neien Ufank. "Play" amplaz vu "Pause".

De Sujet gëtt dobäi aus ënnerschiddleche Perspektive beliicht. Interviewt goufen zéng Fraen tëscht 21 a 72 Joer, an zousätzlech zéng Expert*innen aus Medizin, Politik, Aarbechtsrecht an Ernärung.

"D'Menopause betrëfft d'Hallschent vun der Bevëlkerung direkt, an ass trotzdeem ëmmer nach vun Tabuen, Hallefwëssen a Klischeeën ëmginn."

Melody Hansen, Chefredaktesch

D'Gesondheetsministesch huet sech gewënscht, dass de Podcast dozou bäidroe géif, dass méi iwwert de Sujet vun der Menopause geschwat gëtt. Fir si wier et eng Selbstverständlechkeet gewiescht, an hirem Amt Sujete ronderëm d'Fraegesondheet an de Vierdergrond ze stellen. Si huet ënner anerem op d'Semaine de la Santé de la Femme verwisen, déi si zesumme mam Yuriko Backes (DP), Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Defense a Mobilitéit, an d'Liewe geruff huet. Ofgeschloss huet si hir Usprooch mam Sproch: "Matzen an der Menopause, jo, mee voll am Liewen."

D'Invitée*ën haten op der Plaz d'Méiglechkeet, déi éischt Episod ze lauschteren oder sech mat den Expert*innen aus verschiddene Beräicher auszetauschen. Dës Méiglechkeet wäert de breede Public och op véier Konferenzen hunn (kuckt an d'Infobox).

Dat ass wichteg, well d’Thema nach ëmmer ze dacks bagatelliséiert gëtt, an net all Fra erlieft d’Menopause op déi selwecht Manéier. An de Stereotyp vun de "Vapeuren" stëmmt nëmmen zum Deel: Déi heefegst Symptomer äusseren sech nämlech psychesch.

Alles zur Menopause

  • Wat mir iessen, kann een Afloss dorobber hunn, wéi een sech an der Menopause spiert. D'Ernärungsberoderin Diana Reid gëtt de 7. November allerlee Tipps zur Ernärung. Workshop an englescher Sprooch.

    Ëm Intimitéit a Sexualitéit an der (Peri)-Menopause geet et den 21. November mat der Dr. Danielle Choucroun. Wéi wierken sech déi hormonell Verännerungen op d'Liewen an d'Intimitéit an der Koppel aus? A wat kann hëllefen? Ee Workshop op Franséisch.

    "Fraegesondheet am Wandel: Menopause – raus aus dem Tabu, ran an d'Gesellschaft" ass den Titel vum véierte Workshop den 28. November. D'Susanne Folschette-Tomaszewski an d'Diane Elsen vu Lëtz Menopause schwätzen zesumme mat hire Gäscht iwwert d'Verännerungen an de Menopause wéi och Tabuen, Stigmatiséierung a Schimmt. Workshop op Lëtzebuergesch.

    D'Workshops fannen ëmmer tëscht 10 an 11 Auer moies statt. D'Plazen si limitéiert. Umelle kann een sech hei. D'Workshops sinn am Wild Stuff an der Uewerstad (12 rue Louvigny).

Déi grouss Resonanz op d’Artikele vum Lëtzebuerger Journal zum Sujet Fraegesondheet huet gewisen, wéi grouss de Besoin no verständlecher Informatioun a Sensibiliséierung ass. An de sechs Episode geet et vun der Virbereedung op d’Menopause iwwer d’Schwieregkeete bei der Diagnos bis hin zu de verschiddene Behandlungsméiglechkeeten.

Dëse Podcast riicht sech awer net eleng un déi eng Hallschent vun der Bevëlkerung, mee och u Partner, Aarbechtskolleegen oder Virgesetzten. Dofir kommen och Männer zu Wuert, déi d’Menopause vun hirer Partnerin erliewen.

Doriwwer eraus geet de "Bigger Picture" net verluer: Wéi een Impakt huet d'Menopause op d'Gesellschaft? Wéi kënnen Aarbechtsplazen "menopause-friendly" ginn? A wa Frae fréier komplett op sech eleng gestalt waren, stellt sech och d'Fro, wéi wäit mir haut an der Enttabuiséierung eigentlech virukomm sinn.

Op dës Froe wëll Menoplay a sechs Episoden Äntwerte fannen. Den Ufank ass gemaach: Déi éischt Episod, "Wat leeft, wann et net méi leeft?", ass elo online. Vun elo un erschéngt all zweeten Donneschdeg eng nei.

Op www.journal.lu, Spofify an iwwerall wou et Podcaste gëtt.