Déi gutt Mod

By Melody HansenLynn Warken Article only available in German

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 75 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen, déi si owes wakereg halen. 

#14 Wäertschätzung op der Aarbecht

Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social-Media-Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.

#13 Den éischten Androck

Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeg*inne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blender*innen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"?  Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?"

Hei ass d'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen. An hei den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro.

#12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

D'Lynn ass vum 1. Abrëll u Presidentin vum Lëtzebuerger Presserot. An deem Kader ass eis positiv opgefall, dass an de leschte Woche vill Fraen zu Lëtzebuerg op Féierungspositioune komm sinn. Mir schwätzen driwwer, wisou et wichteg ass, dass mer eis net dorop ausrouen. D'Melody gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Fuerderunge vun dësem Fraestreik, an zum Punkt géint Gewalt géint Fraen deelen hatt an d'Lynn perséinlech Erfarungen. Zum Schluss huele mer iech mat op de Fraestreik, wou mer nogefrot hunn, fir wat dir et wichteg fannt, dass mer och 2024 nach esou e Streik hunn.

Ulafstellen: 
https://violence.lu/ 
https://fed.lu/wp/
https://454545.lu/

#11 Déi gutt Mod an der Pensioun

Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D’Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d’Eraufuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d’Melody an d’Lynn iwwert d’Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn. 

#10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen. 

An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

#9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

Happy new year un all déi gutt Meed dobaussen! Mir huelen eis keng Virsätz fir d'neit Joer, dofir hu mir der fir Iech! D’Lynn erkläert dem Melody d’IKIGAI-Method an d’Melody hëlt säi Schlofrhythmus auserneen a kritiséiert, datt Leit, déi spéit opstinn, ëmmer als méi faul duergestallt ginn. Zum Schluss gi mer op Äre Feedback an a versichen erauszefannen, firwat Betribsfeieren dacks ausaarten.

#8 "Streit dir och heiansdo?"

Ier mer eis an de Chrëschtdagswansinn stierzen, beäntwere mer nach déi brisant Fro: "So, streit dir och heiansdo?" D'Äntwert ass ganz kloer: "Jo." An dësem Episod gitt Dir gewuer, wat do lass ass a firwat et grad an eiser Branche sou wichteg ass. Ausserdeem erziele mer Iech, wat Enn des Jores bei eis nach esou usteet an eis ass opgefall, dass vill Leit d'Tendenz hunn, hier Aarbecht kleng ze schwätzen, ier se dës iwwerhaapt ofginn hunn.

#7 Stress an Alkohol

Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich kommt. 

#6 Visualiséieren

Am Kader vum 75. Anniversaire vum Lëtzebuerger Journal hu mer dësen Episod live zu Maacher am Kulturhuef opgeholl. Mir schwätzen iwwert d’Visitt vum Grand-Duc, wéi mer eis op eis Ried viru Public preparéiert hunn an erklären Iech eisen Insider “Nach séier eng Wäsch amaachen”. Stellt Iech vir Dir preparéiert säit e puer Méint en Event, dann ass en endlech do a wat ass duerno? Dir fillt Iech eidel. Wéi gutt, datt et geschwënn erëm viru geet: Déi gutt Mod geet op Tour! Wouhin? Dat decidéiert dir!

#5 Krank ginn

Et ass Hierscht a lénks a riets fänken d’Leit u mat Houschten. Gedanke wéi "oh nee, ech däerf elo net krank ginn" oder "wéi bréngen ech der Ekipp bäi, dass ech ausfalen" tauchen op. Et ware Walen a mir feiere Gebuertsdag, 75 Joer Lëtzebuerger Journal. Mir schwätzen iwwert d’Komfortzone déi nach ni souwäit fort war wéi an de leschte Méint a wéi mir doru gewuess sinn. Zum Schluss ginn et nach e puer Tipps, wéi ee mat YouTube Mathé léiert.

#4 Bildung

Kuerz no der Rentrée fokusséiere mir eis op d’Weiderbildung. D'Melody war um b°future festival fir konstruktive Journalismus an Dialog an huet vill Inspiratioun an nei Iddie matbruecht. Fir d’Lynn huet och dat neit Schouljoer ugefaangen. Scho säit e puer Joer gëtt hat Radioscoursen am LCD am Kader vum BTS Media Writing. Eis ass opgefall, datt vill Leit net wëssen, wéi eng Ënnerstëtzungen a Méiglechkeeten et hei zu Lëtzebuerg ginn, fir sech nieft der Aarbecht weiderzebilden. Et geet ëm de Sujet "Boreout" an ausserdeem schwätze mir doriwwer, wéi et ass als éischt an der Famill op eng Uni ze goen, awer och doriwwer, datt en Handwierk léieren dacks leider nach ëmmer manner Wäertschätzung an der Gesellschaft kritt wéi en Uni-Diplom.

#3 Verbindlechkeet

Hutt dir och d'Gefill, dass Verbindlechkeet an ärem Ëmfeld net méi grouss geschriwwe gëtt? E Rendezvous ass séier ofgesot oder war guer net opgeschriwwe ginn, well "do war jo näischt méi komm". An dësem Episod schwätze mir driwwer, wéi mir mat esou Situatiounen ëmginn a wéi mer probéiere proaktiv dogéint ze steieren. Et geet awer och drëm, wéi wichteg e Support System vu Frënn a Famill ass, wann een e stressegen Alldag huet. Am participativen Deel "Ech wollt just eppes Klenges nofroen", liese mir nees ee vun äre Message vir a schwätzen iwwer d'Thema Mental Load – also déi Belaaschtung, déi duerch d'Organisatioun vun Alldagsaufgaben entsteet an zum groussen Deel onsiichtbar ass.

#2 Networking

En Dënschden huele mir Iech mat an eisen Alldag. Mir erziele vun eisem méi oder manner erhuelsame Congé a firwat mer dee méi wäit am Viraus musse plangen. Mir deelen eis Pläng, mëttes op en Networking Event ze goen an diskutéieren, firwat d'Netzwierken esou wichteg ass. Zousätzlech deelen an beschwätze mer äre Feedback zu Episod #1.

#1 Verantwortungsgefill

Am éischten Episod stelle mir eis vir an erzielen, wat hannert dem Titel "Déi gutt Mod" stécht. Et dréint sech ganz vill ëm d’Verantwortungsgefill a wéi wichteg et ass, Responsabilitéit ofzeginn. Wat passéiert mat engem selwer, mee och mat de Mataarbechter*innen, wann ee sech fir alles verantwortlech fillt an näischt delegéiert? Mir diskutéieren iwwer Sätz wéi "Wanns du et mëss, da weess ech datt, et klappt" oder "Hei komm, ech maachen et séier selwer, dann ass et gemaach".