(On)bekannt - Kim Schneider

Von Jill LallemangDaniel Nepgen

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

(On)bekannt - Ep. 14

D'Jill kritt am Partigiano am Stater Garer Quartier Besuch vun der Dréibuchautorin a Regisseurin Kim Schneider, ënner anerem bekannt duerch divers routwäissgro Episode bei RTL an d'Sitcom Comeback. Déi zwee hunn net nëmmen allen zwee zu Köln dat selwecht studéiert, mee stellen am Laf vum Gespréich nach aner Gemeinsamkeete fest. Et geet donieft ëm den neie Kuerzfilm Fair an d'Thema sexuell Gewalt, ëm sozial gefierwte Konscht an Hënn.

*op Lëtzebuergesch