![](/sites/default/files/styles/640_square/public/upload/media/image/2022-08/_LEX1387.jpg?h=c17af2bd&itok=__aPrat5)
De Podcast, an deem d'Jill all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
(On)bekannt - Ep. 12
Trëfft eng Minetterin op eng Mislerin … Oder anescht ausgedréckt: D’Jill kënnt op Maacher, fënnt de Wee net a gëtt vun der Police an de Bistro Quai eskortéiert. Hei trëfft d’Jill op d’Lee, déi aktuell Wäikinnigin. Nieft Behind-The-Scenes-Geschichte vun de leschte Wäifester erzielt d’Lee dem Jill, wéi vill Aarbecht hannert sou engem fënnefjärege – oder coronabedéngt sechsjäregen – benevollen Engagement stécht. Zum Schluss reorganiséieren déi zwee d’Präsenzcourse fir d'Uni.lu um Belval a schwäermen iwwert d’Enn-Dës-Joers-Kaddoe fir d’Enseignanten. Prost!
*op Lëtzebuergesch
![](/sites/default/files/styles/1280/public/2022-08/_LEX1557_0_0.jpeg?itok=seca7QBE)