Wat leeft? - Neurodiversitéit

Von Jana Degrott

An dësem Podcast gräift d'Jana Degrott reegelméisseg Themen op, déi d'Gesellschaft beschäftegen. Dës Kéier schwätzt et mat dräi Invitéen iwwer hir Erfarunge mat Autismus ... an och seng eegen.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo!

Wat leeft? ass eng Plattform fir déi, déi systematesch ausgegrenzt, victimiséiert an/oder ignoréiert ginn. Mat Invitéen, déi festgefuere Gedankemustere wëllen opbriechen an de Status Quo challengen.

Och wann d’Eltere meeschtens d'Haaptbezuchspersoune fir e Kand mat Autismus sinn, kënnen d’Geschwëster och schwéier vu sou enger Diagnos betraff sinn. Ech weess vu wat ech schwätzen, well mäi klenge Brudder um Autismus-Spektrum ass. Wéi ech mat him opwuess sinn, hat ech awer ni d’Gefill, datt et Differenzen tëscht ons gëtt: De Wee, wéi hie kommunizéiert, beispillsweis säi Verhalen, war een Deel vu eisem Alldag, onst Liewen.

Déi, déi Geschwëster hunn, kënne vläicht matfillen. D’Léift an d’Bindung, déi ech zu mengem Brudder hunn, ass net ze beschreiwen. Ech hunn hien iwwer alles gäer a géif alles fir e maachen. Ech konnt et awer eng Zäit net esou weisen, wéi ech et vläicht wollt. Well komm mir sinn éierlech: ons Gesellschaft grenzt dacks Leit aus, déi net neurotypical sinn. Vu kleng op, an der Schoul, an der Fräizäit, am Aarbechtsliewen, an och soss: ons Toleranz ass nach ëmmer begrenzt. Mir brénge Leit bäi, sech ze schummen oder sech schëlleg ze fillen, an dat ass ganz schwéier zou ze ginn, an nach méi schwéier z'erdroen. An dat ass eng Form vu Gewalt an Aggressioun.

Wat leeft? - Ep. 6

Neurodiversitéit

Aktiv a passiv, tëschemënschlech an duerch eiser Gesellschaft hir Institutioune ginn neurodivers Leit ausgegrenzt. Mir hunn nach net geléiert mat Ënnerscheeder ëmzegoen. An dësem Episod geet et ëm Neurodiversitéit a Geschwësterléift, an zwar mat Gäscht, déi net nëmme vill dozou ze zielen hunn, mee fir déi et zum Deel och iwwerhaapt déi éischt kéier ass, dass se esou offen ëffentlech driwwer schwätzen.

D'Isabel Scott ass Journalistin an déi kleng Schwëster vun engem autistesche Brudder. Den Gianluca Marinelli an den Alessio Weber sinn d'Grënner vun Talkii. Dës digital Léisung fir eng assistéiert Kommunikation erméiglecht et ganz ville Leit, duerch Symboler op eng non-verbal Manéier hir Bedierfnisser mat engem Tablet-Computer auszedrécken. Den Gianluca gouf virun e puer Joer déi éischt kéier privat mat Autismus konfrontéiert.

*op Lëtzebuergesch