Wat leeft? - Haass op Social Media

Von Jana Degrott

An dësem Podcast schwätzt d'Jana Degrott iwwer Themen, déi d'Gesellschaft beweegen. D'Vir- an Nodeeler vun de soziale Netzwierker an de richtegen Ëmgang domadder stinn am Mëttelpunkt vun der Diskussioun an dëser Episod mat véier Influencere resp. Social Media Useren.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo!

Wat leeft? ass eng Plattform fir déi, déi systematesch ausgegrenzt, victimiséiert an/oder ignoréiert ginn. Mat Invitéen, déi festgefuere Gedankemustere wëllen opbriechen an de Status Quo challengen.

An de leschte Jore si sozial Netzwierker zu engem wichtege Bestanddeel vu eisem Alldag ginn. Duerch dës Reseaue kann een zum Beispill nei Bezéiungen opbauen oder sech weiderbilden. Si kënnen awer och extrem schiedlech sinn oder süchteg maachen, wann een non-stop de Feed erofscrollt fir ze kucken, wéi anerer sech beschäftegen. Wéi kann ee sozial Netzwierker benotzen, ouni senger mentaler Gesondheet ze schueden?

Wat leeft? - Ep. 5

Haass op Social Media

D’Verbreedung vun Haass an Intoleranz ginn duerch Online-Plattforme vereinfacht; hannert engem falsche Profil traut een sech méi. Rezent hu sech de Marcus Rashford, Bukayo Saka an de Jadon Sancho, dräi schwaarz englesch Fussballspiller, misste mat extreme Kommentarer ausenaner setzen, nodeems si an der EM-Finall hir Eelefmetere verschoss haten. Doriwwer eraus weise Statistiken, dass d’Zuel vu Suiciden am Zesummenhang mat Cybermobbing an d’Luucht gaangen ass, wat beweist, dass d’Netz e ganz geféierleche Raum ka sinn.

Egal ob een en duerchschnëttleche Benotzer oder en Influencer mat dausende Followers ass, sinn d’Geforen déi selwecht. Wéi soll een d’Reseaue richteg benotzen? Wéi geet ee mat Haass online ëm? Doriwwer schwätze mir mam Content Creator a Financial Advisor Almin Hrkic (Mood Luxembourg), der Management-Studentin an Influencerin Axelle Heinen, dem Make-Up Artist Luca de Michele an dem Déifferdenger Handballspiller Sean Armstrong.

*op Lëtzebuergesch