
Konflikter tëscht Generatioune ginn et schonn esou laang, wéi et Mënsche ginn. Dobäi kënne si immens vill vunenee léieren. An dësem Podcast brénge mir jeeweils e jonken an en eelere Mënsch zesumme, fir sech iwwer e bestëmmte Sujet auszetauschen. Dës Kéier geet et ëm d'Aarbecht als Hiewan mam Martine Welter a mam Selina Birchem.
Martine Welter a Selina Birchem
D'Selina Birchem huet 26 Joer, ass Member vun der Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes, a schafft zanter véier Joer als Hiewan an der Maternité, wou hatt an der kënschtlecher Befruchtung an an der Consultatioun fir Ofdreiwunge schafft. D'Martine Welter huet vun 1984 bis 2022 als Hiewan als éischt néng Joer an der Maternité an duerno 29 Joer fräiberufflech geschafft. Laang Zäit war si déi eenzeg Hiewan zu Lëtzebuerg, déi Hausgebuerten duerchgefouert huet. Am Podcast schwätze si mam Melody Hansen iwwer hire Beruff, ee vun den eelste Beruffer op der Welt. Wou d'Martine Welter fréier nach Zäit hat, nieft der Fra ze strécken, wann d'Kand nach bësse gebraucht huet, fir op d'Welt ze kommen, ass dat haut ondenkbar. Och d'Technik huet de Beruff verännert, ma dem Selina Birchem ginn di ganz Opzeechnunge wärend enger Gebuert e Gefill vu Sécherheet. Weider Theme sinn d'Roll vun der Hiewan op di physesch a mental Gesondheet vu Fraen a Kanner, ma och d'mental Gesondheet vun den Hiewane selwer. Well och wa Gebuerten oft ganz schéin Erliefnisser sinn, geschéien och emol Saachen, déi net esou liicht ze verschaffe sinn.
*op Lëtzebuergesch


