Eng Diagnos sollt den Ufank vun enger Behandlung sinn. An der Perimenopause ass se fir vill Fraen den Enn vun enger laanger Sich. Déi drëtt Episod vu Menoplay weist, firwat dat esou ass – a wien dat ännere wëll.
Schwindel, Panikattacken, eng Middegkeet, déi net ophält – an d’Äntwert an der Praxis: "Dir sidd jo nach jonk." Vill Frae ginn net eescht geholl, lafe vun engem Dokter bei deen aneren a kréie Schlofmëttel, Antidepressiva oder Antibiotiquen opgeschriwwen – mee keng Diagnos.
Firwat ass et esou schwéier, d’Perimenopause ze erkennen? Dat freet d’Ilana sech an der drëtter Episod vu Menoplay – a sicht no Léisungen.
D’Sabrina gouf an der Menopause-Klinik mat enger Minipëll heemgeschéckt. D’Milène huet sech am Endeffekt selwer informéiert a seet haut, dat hätt si gerett. An d’Dr. Susanne Folschette-Tomaszewski huet als Generalistin hir eege Symptomer am Ufank net erkannt – haut setzt si sech mat Lëtz Menopause dofir an, datt et anere Frae besser geet.
De Gynekolog Dr. Vincent Massard erkläert, firwat eng Bluttanalys dacks net weiderhëlleft. D’Diane Elsen vu Lëtz Menopause erzielt, wéi en Netz vun Dokteren entstoe soll, déi sech mam Sujet auskennen. D’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender fuerdert méi Fuerschung, déi all Fraen am Bléck huet. An d’Ministesche Martine Deprez a Yuriko Backes sinn sech eens: Frae si keng kleng Männer.
Wourëm et am Podcast geet
Vapeuren… Brain Fog… déi lescht Bluddung.
Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen.
Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljore betraff ass? Wéi ënnerstëtzt een si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support?
Genee déi Froe beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast.
Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.
Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp.
Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
U Menoplay hu matgewiekt:
- Interviews: Camille Frati, Melody Hansen, Ilana Joseph, Misch Pautsch
- Konzept: Melody Hansen, Ilana Joseph, Maxime Toussaint
- Produktioun: Ilana Joseph, Maxime Toussaint
- Animatioun: Ilana Joseph
- Fotoen: Lex Kleren