(On)bekannt - Max Feller

By Jill Lallemang, Maxime Toussaint, Lex Kleren, Sherley De Deurwaerder

Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat de Max Feller - Content Creator, Familljepapp, an dertëscht Sänger an alt mol nach DJ.

Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.

(On)bekannt – Ep. 34

Fréier iwwerzeegte Kommunist, du Student an DJ zu Hamburg, haut Familljepapp, Proff, "L-Pop"-Sänger a laut Reddit de cringiesten – an eenzegen – Influencer zu Lëtzebuerg: Wann de Max Feller eppes wëll maachen, dann zitt hien et och duerch.

Hien entféiert d'Jill a seng Welt. Et geet drëms, dass een och mol iwwer déi eege Peinlechkeet muss kenne laachen, firwat een net automatesch "Fransousenhaasser" ass wann een a Satire-Videoen "en français, s'il vous plaît" seet, dorëms, wéi gutt de Superjhemp gealtert ass, a firwat "Knouterbatti" dat bescht Wuert fir schlecht Laun ass.

Net ze vergiessen natierlech de Buttek ronderëm Viral, also d'Mockumentary-Serie, déi hien zesumme mat anere Content Creators am Land lancéiert huet. Iwwer onerwaarte Géigewand, Sexismus-Reprochen an doriwwer, firwat et besser wier, direkten Dialog ze sichen amplaz de Kapp an de Sand ze stiechen – oder Videoen an d'Poubelle ze schmäissen – de Max Feller zielt.

(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.