Oppen Dieren - Net am EU-Parlament vertruede Parteien

By Bill Wirtz Article only available in German

De Bill Wirtz verfollegt d'Geschéien an der Europäescher Unioun. Hie schwätzt mat de Lëtzebuerger Vertrieder iwwer aktuell Themen an haakt no bei den europäeschen Dossieren, an deenen iwwer Saache verhandelt an decidéiert gëtt, déi de Grand-Duché betreffen.

Dësen Artikel ass gratis accessibel. Wéi bei all eisen Inhalter stécht d'Aarbecht vu Journalisten dohannert. Du kanns eis Equipe an eist Konzept vun engem méisproochegen, multimedialen Online-Magasinn ënnerstëtze mat engem Abo!

Oppen Dieren - Ep. 6

Bléck vu baussen

U sech ginn déi lëtzebuergesch Parteien, déi net am Europaparlament vertruede sinn, nëmmen dann no hirer Meenung gefrot, wann et Zäit ass fir d’Walen. De Bill Wirtz befreet déi véier Parteien dofir elo eng kéier spontan zur EU-Aktualitéit. D’Nathalie Oberweis vun déi Lénk, den Uli Brockmeyer vun der KPL, de Fernand Kartheiser vun der ADR an de Gilles Mertz vun der Piratepartei stoungen him Ried an Äntwert zu dräi Themebléck: Gesondheet, Finanzen a Sécherheet.

Brauch d’Europäesch Unioun eng Gesondheetsunioun fir de Pandemië vun der Zukunft entgéint ze wierken? Soll d’EU eege finanziell Ressourcë kréien iwwer EU-Steieren? Ass eng europäesch Arméi opportun?

*op Lëtzebuergesch