Evergreens - Kann Europa op eegene Féiss stoen?

Sponsored content Article only available in German

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

#45 Kann Europa op eegene Féiss stoen?

Geopolitesch Spannungen, wirtschaftlech Ofhängegkeeten an d'Zukunft vum europäesche Bannemaart: Europa steet virun der Erausfuerderung, seng strategesch Onofhängegkeet ze stäerken, ouni sech vum Rescht vun der Welt ofzekapselen.

Fir iwwer d'europäesch Souveränitéit ze diskutéieren, hat de Bryan Ferrari dräi Experten op Besuch. De William Telkes ass Chief Economist bei der Spuerkeess, den Dennis Wernerus ass Vertrieder vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg an den Yves Germeaux ass bei der FEDIL fir den Handel an international Relatioune responsabel.

Si analyséieren, wéi Europa seng Ofhängegkeeten an de Beräicher Energie, Technologie a Verdeedegung reduzéiere kann, firwat e staarke Bannemaart an d'Mobiliséierung vu Kapital entscheedend sinn, a wéi eng Roll d'K.I., d'Innovatioun an d'Reglementatioun fir d'Kompetitivitéit vun Europa spillen.