Evergreens - Och Suen hannerloosse Spueren

Sponsored content Article only available in German

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Evergreens #1

Och Suen hannerloosse Spueren

Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill?

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4Climate ass schonn 20 Joer laang aktiv am Beräich Ëmwelt a Finanzen, d'Jenny de Nijs ass am Finanzministère responsabel fir nohalteg Finanzen, an den Dr. Félix Urbain ass Innovatiounsberoder a Projektentwéckler, ënner anerem fir d'EU-Kommissioun.

*op Lëtzebuergesch