flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Déi éischt Episod vun der zweeter Staffel stellt d'Fro, wéi a firwat déi international Banken iwwerhaapt de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.
Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?
Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.
Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am Podcast flux op d'Spuer gaang.
Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.
D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.
#7 D'Wëllef vum Boulevard Royal
Et ass d'Joer 1987 – a bei der KBL rabbelt den Telefon.
Ee jonken, nervösen Trader hieft op a lauschtert no, wärend um aneren Enn eng däitsch Bank hie fälschlecherweis accuséiert, falsch Präisser genannt ze hunn. Eng typesch Zeen fir déi jonk Wëllef vum Boulevard Royal.
No der Stolkris war et Usus fir déi nei Generatioun, am Finanzsecteur séier Aarbecht ze fannen.
Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Ralph Pletsch un, deen an de spéiden 80er bei der haiteger Quintet Private Bank an enger komplett zougedämptener Salle de Marché Dag fir Dag Milliounenzommen an alle méigleche Wärungen – vun US-Dollar iwwer Krounen a Yen – per Telefon ausgehandelt huet.
Mee wéi ass hien iwwerhaapt do gelant, a wéi kënnt et, dass eng am Fong belsch Bank iwwerhaapt zu Lëtzebuerg sou present war?
Wärend de Staat an den 80er nach d'Arbed an hier Employé*e*ën huet missen iwwer Waasser halen, huet de Finanzsecteur lues a lues bewisen, wéi vill Potenzial an der Konscht vum Näischtmaache leie kann – op mannst, wann et drëms geet, fir net ze vill ze reguléieren. Dofir si vill Banken op Lëtzebuerg komm. Sou vill erkläert de Fernand Grulms, fréiere Chefekonomist bei der ABBL, der Association des Banques et Banquiers Luxembourg.
Dat war virun allem doduerch méiglech, dass d'Lëtzebuerger Bourse eng gutt Rëtsch Atouten hat, déi soss keen hat. Dat zielt de Michel Maquil, fréiere Präsident vun der Luxembourg Stock Exchange. Ee vun deenen: Dat Ganzt huet an enger Wirtschafts- a Wärungsunioun mat der Belsch stattfonnt, der UEBL.
Den Yves Mersch, fréiere Präsident vun der Banque Centrale du Luxembourg, beliicht, wéi déi wirtschaftlech Bezéiung tëscht Lëtzebuerg an der Belsch funktionéiert huet – a seng Grenzen erreecht huet, wéi de belsche Frang 1982 devaluéiert gouf.
En historesche Moment, deen déi deemoleg Wirtschaftsministesch Colette Flesch ganz no materlieft huet.
U flux hu matgewierkt:
- Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
- Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
- Produktioun: Maxime Toussaint
- Animatioun: Sherley De Deurwaerder
- Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch