Vum Frang op den Euro - wéi hu Lëtzebuerger Banken, Politik, Commerce a Bevëlkerung dee Wandel erlieft? Et war eng Saach, um 1. Januar 2002 déi éischt nei Schäiner am Grapp ze halen. Eng aner war déi effikass Ëmsetzung vun enger Iddi, déi de Pierre Werner schonns an de 70er Joren hat. An der Episod 5 vun der zweeter Staffel vu flux maache mir eis op de Wee Richtung Euro.
Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?
Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.
Mee wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am Podcast flux op d'Spuer gaang.
Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.
D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.
#11 Den Eurominister
De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater an eelef Länner gutt eng lass – och zu Lëtzebuerg. D'Begeeschterung war grouss, fir endlech kënnen di nei Mënzen a Schäiner unzepaken an unzekucken, vun deenen an de leschte Joren sou vill riets war.
Den Euro ass endlech um Marché.
Eis Spueresich fänkt awer net bei de Banken, mee an enger Keess am Auchan um Kierchbierg un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass nämlech am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ganz neier Wärung.
Wéi de Commerce sech op de Wiessel op den Euro virbereet huet, dat zielt d'Sabrina Sagramola. Si war deemools Coordinatrice vum Reseau vun den Euro-Infozenteren a war iwwert déi lafend Informatiounscampagne zum Euro mat ville Betriber a Kontakt. Op politeschem Niveau zielt de Luc Frieden, dee vun de Medien zu dem Zäitpunkt dacks als den "Eurominister" betitelt gouf, wéi hien d'Preparatiounen als Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament an der Regierung Juncker-Poos erlieft huet.
A wat fir Suergen d'Informatiker op de Banken – spezifesch op der BGL – an der Nuecht op den 1. Januar geplot hunn, dat verréit de Kik Schneider.
Mee wéi koum et iwwerhaapt zum Euro? Op d'Ursprongsiddi, déi vum Pierre Werner als ee vun de Pappe vum Euro ausgaangen ass, geet d'Dr. Elena Danescu an, Fuerscherin um Luxembourg Center for Contemporary and Digital History.
Gutt ze wëssen: Dem Euro hu mer et ze verdanken, dass och Lëtzebuerg haut eng eegen Zentralbank huet, d'BCL, amplaz iwwert déi vun der Belsch geréiert ze ginn. Doriwwer schwätzt den Yves Mersch, deen den éischte Präsident vun der BCL war.
U flux hu matgewierkt:
- Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs, Maxime Toussaint
- Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
- Produktioun: Maxime Toussaint
- Animatioun: Sherley De Deurwaerder
- Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch