flux #12 - Crash

Von Lëtzebuerger Journal

"Mir sinn elo zanter zwou Stonnen net méi liquid." Mat deem Saz huet sech Enn September 2008 déi amerikanesch Subprime-Kris op der BGL ageschlach. An der Episod 6 vun der zweeter Staffel vu flux konzentréiere mir eis op dee Weekend, op deem d'Lëtzebuerger Bankeplaz huet misse vum Staat gerett ginn. Et ass drëms gaang ze verhënneren, dass déi ganz Wirtschaft am Benelux-Raum d'Baach erof geet.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Mee wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#12Crash

Et ass de 26. September 2008, an deenen, déi op de Banken - besonnesch der BGL an der Dexia BIL - schaffen, geet et net méi gutt. D'BGL krut matgedeelt, si wier net méi liquid. Dat heescht, si hat kee Cash méi fir rauszeginn.

Eis Spueresich fänkt bei der deemoleger Cheffin vun der Kommunikatioun vun der BIL un, dem Christiane Schmit. Si war fir déi éischte Kéier no Jore vu Wuesstem net dorobber virbereet, och mol déi méi desagreabel Facette vun der Kommunikatioun kennenzeléieren - well wéi genau vermëttelt een de Leit dobaussen, dass d'Bank keng Sue méi rausgi kann, ouni dass Panik entsteet?

Dës Liquiditéits- a Vertrauenskris, déi d'Mammegruppen vun der BGL (Fortis) an der BIL (Dexia) erlieft hunn als systeemesch Banken, un déi d'Wirtschaft vum ganze Land gestréckt war, koum net aus dem Näischt. De Kik Schneider, deemools Direkter vum Retail a Corporate Banking op der BGL, erzielt, wéi déi US-amerikanesch Subprime-Kris Welle bis op Lëtzebuerg schloe konnt - a schwätzt och dovunner, wéi hien d'Banke-Rettungsaktioun, déi dee Weekend lancéiert gouf, erlieft huet.

An där Rettungsaktioun huet de Luc Frieden als deemolege Budgetsminister eng onëmgänglech Roll gespillt. Hien war ee vun deenen, déi an de Verhandlunge séier hu missen decidéieren, wéi vill Suen een als Staat op den Dësch leeë kann a muss, fir dat Schlëmmst ze verhënneren - et ass drëms gaang, séier ze handelen.

A wéi ass dat gelaf, wann een eng privat Bank war, déi net op dee staatleche Support ziele konnt? Dovunner schwätzt de Luc Paindavoine, deemools de Chef vun der Salle de Marché op der Degroof.

U flux hu matgewierkt:

  • Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs, Maxime Toussaint
  • Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Maxime Toussaint
  • Animatioun: Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch, Gilles Kayser