De Gemengepodcast - Lëntgen

Von Misch PautschMaxime ToussaintPatrycja Pruchenska

Vu Sëll an d’Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, am Gemengepodcast huelen d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal dech mat an déi 102 Gemenge vum Land. De Schwéierpunkt läit an der éischter Staffel op de Gemengewalen den 11. Juni. Dofir ware mir an all Bezierk vum Grand-Duché ënnerwee an hunn do mat Awunner*innen a Lokalpolitiker*inne geschwat. Am véierten Episod ass de Misch Pautsch zu Lëntgen ënnerwee.

Gemengepodcast - Ep.4 Lëntgen

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

Lëntgen ass wuel dat perfekt Beispill vun enger Gemeng, déi lues awer sécher – zesumme mam ganze Land – wiisst. Seng ronn 3.400 Awunner*inne ginn net ganz duer, fir et "grouss" ze nennen, ma "ganz kleng" ass et och net méi sou wierklech – zumindest politesch. Dësen 11. Juni gëtt nämlech hei fir d'éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. Fir vill Leit war den Henry Würth, deen 30 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung, eng Konstant. Ma mam Wiessel an de Proporzsystem huet hien decidéiert: Et geet him duer. Mir kucke mat him op e Liewe Lokalpolitik zeréck, ier mer mat senge potenziellen Nofollger schwätzen. Zwee vun hinne sinn hei bekannt Gesiichter: De Schäffe Louis Pinto vun den Engagéiert Bierger fir eng sozial Gemeng Lëntgen, ass an de leschte Walen ëm dräi Stemmen net selwer scho Buergermeeschter ginn. De Schäffe Jeannot Toisul geet fir d'DP – déi eenzeg Parteilëscht – mat an d'Course, ma ass ganz bewosst net Spëtzekandidat. An de Charles Margue vun Di Nei Ekipp kennen déi meescht wuel éischter aus der nationaler Politik, well en Deputéierte fir déi gréng ass. Wäert et hei esou roueg weider goe wéi d'Leit et gewinnt sinn? Oder ass et Zäit fir e Wiessel? An wat wënsche sech d'Leit iwwerhaapt hei am Zentrum vum Land, an enger Gemeng, déi lues a lues ëmmer méi zu engem Viruert vun der Stad gëtt?

*op Lëtzebuergesch