Podcast: D'Hoffnungsdréier

Par Misch PautschMaxime Toussaint Article uniquement disponible en allemand

Écouter cet article

Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.

Vum 28. September bis den 8. August sinn d'Paralympics zu Paräis.

D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia ee Joer laang d'Team Lëtzebuerg verfollegt. A mir waren dobäi.

Bei den Ups, den Downs, ma och dee Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net.

D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

Wourëm geet et am Podcast?

De Misch Pautsch an de Maxime Toussaint hunn d'Lëtzebuerger Sportler*innen, déi vun de Paralympics 2024 zu Paräis dreemen an d'Hoffnung vun eisem Land op hire Schëllere droen, wärend engem Joer begleet.

Säit Mee 2023 féiwere si mam Katrin Kohl (Liichtathletik), mam Philippe Hein a Matteo Scuto (Dëschtennis), mam Joël Adams (Velo) a mam Tom Habscheid (Kugelstroussen), dee säit dem 4. Juli 2024 weess, dass e sécher dobäi ass, mat, ob si et op Paräis packen… oder net.

"Sport, Passioun, Ups, Downs, Inklusioun an ee Joer vum Misch a vu mengem Liewen. Alles an engem Podcast verpaakt."

Maxime Toussaint, Teamlead Podcast a Produzent vun D'Hoffnungsdréier

Wee sinn si, wat dreift si un, wéi preparéiere se sech, ween huet sech qualifizéiert a wéi eng Momenter si besonnesch ënnert d’Haut gaangen?

Kommt mat hannert d'Kulisse vum Team Lëtzebuerg.

Wéini geet et lass?

D'Hoffnungsdréier ass ee 6-Episode-Podcast. Den éischten Episod verëffentleche mer e Freiden de 19. Juli 2024, duerno kënnt all Woch eng nei eraus. Déi lescht Episod da mat Live-Momenter vu Paräis. 

Wéi ass et dozou komm?