Podcast: D'Hoffnungsdréier

By Misch PautschMaxime Toussaint Article only available in German

Listen to this article

Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.

Vum 28. September bis den 8. August sinn d'Paralympics zu Paräis.

D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit, sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia ee Joer laang d'Team Lëtzebuerg verfollegt. A mir waren dobäi.

Bei den Ups, den Downs, ma och deene Momenter, an deenen d'Sportler*inne rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net.

D'Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

Wourëm geet et am Podcast?

De Misch Pautsch an de Maxime Toussaint hunn d'Lëtzebuerger Sportler*innen, déi vun de Paralympics 2024 zu Paräis dreemen an d'Hoffnung vun eisem Land op hire Schëlleren droen, wärend engem Joer begleet.

Säit Mee 2023 féiwere si mam Philippe Hein (Dëschtennis), mam Matteo Scuto (Dëschtennis) a mam Joël Adams (Vëlo), ma och mam Katrin Kohl (Liichtathletik) a mam Tom Habscheid (Kugelstoussen) – déi Lëtzebuerg de 4. a 7. September zu Paräis representéiere wäerten – ob si et op d'Paralympics 2024 packen… oder net.

"Sport, Passioun, Ups an Downs, ma och Inklusioun, Representatioun, Politik, Gesondheet, Mental Health, Fuerschung an nach vill méi. Alles an engem Podcast."

Maxime Toussaint, Teamlead Podcast a Produzent vun D'Hoffnungsdréier

Wie sinn si, wat dreift si un, wéi preparéiere se sech, ween huet sech qualifizéiert a wéi eng Momenter si besonnesch ënnert d’Haut gaangen?

Kommt mat hannert d'Kulisse vum Team Lëtzebuerg.