(On)bekannt - Suzie Godart

Par Jill LallemangLex Kleren Article uniquement disponible en allemand

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift de Gaascht unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 21

Dës Kéier trëfft d'Jill am Ready !? um Lampertsbierg net just op eng vëlofuerend Enseignante, ma souguer op eng Weltmeeschterin. D'Suzie Godart huet 2023 zu Glasgow an der Kategorie 60 bis 64 Joer d'Goldmedail gewonnen. Am Podcast erzielt hatt dem Jill, firwat hatt bal net wollt goen, a wat et motivéiert, de Vëlo nach net un den Nol ze hänken. Ausserdeem erzielt hatt, dass d'Pipi Langstrumpf seng Heldin ass a vu senger Passioun, Kanner Velofuere bäizebréngen. Heifir huet hatt souguer säin eegene Projet zesumme mam Educatiounsministère, de Bicycool. Zum Schluss geet et nach ëm d'Thema Kannerwonsch a wéi d'Suzie et empfënnt, wa Leit hatt froen, wéini hatt da Bomi géif ginn.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00