New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?
Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Studio J.
New Work #23
Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm.
Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg.
Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.