New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Studio J.

#21 New Work

Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren.

Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net.

Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP, bis zum Master kann een Diplomer an divers Certificaten och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land.

Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.