flux - de Podcast iwwert d'Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg

By Lëtzebuerger Journal Article only available in German

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Déi zweet Staffel dréit sech ëm d'Finanzplaz.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder nach Banken.

Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux – iwwerall, wou et Podcaste ginn, op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Staffel 2, ab dem 14. Juli 2026, dréit sech ëm d'Finanzplaz.

An der Staffel 1 goung et allerdéngs ëm d'Stolindustrie.

Am Podcast flux schwätzen d'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

Ënnert anerem de Luc Frieden, de Jean-Claude Juncker, den Henri Grethen, d'Colette Flesch, de Michel Würth an d'Véronique Poujol zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit.

Perséinlech a mat villen Anekdoten.

Den 14. Juli 2026 geet et lass mat der Staffel 2.

flux – de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen.

Fir jiddereen.

U flux hu matgewierkt:

  • Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Maxime Toussaint
  • Animatioun: Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch

Iwwerall, wou et Podcaste ginn.