Déi gutt Mod #39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält

By Melody HansenLynn WarkenIlana Joseph Article only available in German

An der neier Episod schwätze mir mam Chris a Marie-Lou Haentges, de Schwësteren, déi allen zwee an d'Gerance vum Familljebetrib Asport erageklomm sinn, ma och hir eege Projete gegrënnt hunn. Et geet ëm Verloscht, Zesummewuessen an ëm permanent Erreechbarkeet.

Déi gutt Mod #39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marie-Lou Haentges

"Een Haentges kënnt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou war et och fir eisen Interview: D'Schwëstere Chris a Marie-Lou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. D'Schwëstere sinn allen zwee an der Gerance vum Familljebetrib Asport mat dran, deen hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Bee stelle wollten, huet d'Marie-Lou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach.

Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien an sech nei opstellen. Doduerch si si als Famill awer nach méi enk zesummegeréckelt. Et geet ëm dat schlecht Gewëssen, dat een huet, wann een net schafft a wat déi permanent Erreechbarkeet do mat ze dinn huet. An mir fannen eraus, wat d'Chris besser kann ewéi d'Marie-Lou – an ëmgedréint.

#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen ëm? feat. Lis Fautsch

D'Lis Fautsch ass Ex-Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut – wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. 

D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch Responsabel vun der Kommunikatioun vum COSL an huet dräi Kanner.

Hei liest dir den Artikel Menstruation und Sport – kein Spitzenteam iwwer den am Podcast geschwat gëtt.

#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana

D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen.

D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Originne mat Brasilie verbonnen; eng Zäit laang huet hatt Rio de Janeiro säin Doheem genannt an den Dokumentarfilm A colônia luxemburguesa iwwer d'lëtzebuergesch Minnenaarbechter a Brasilie realiséiert.

Aktuell ass d'Dominique scho mam nächste Projet beschäftegt. Wéi hatt dem Melody erzielt, funktionéiert säin Alldag – trotz wéineg Schlof wéinst engem klenge Kand – mat der Hëllef vu Yoga, Meditatioun a Matcha.

Hei liest dir den Artikel Mindestalter für soziale Medien: Endlich ein Ende der Laissez-Faire Politik?, iwwer den am Podcast geschwat gëtt.

#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer

D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg.

Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.