Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat de Museker Khalid Oke.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
(On)bekannt – Ep. 32
Nodeems d'Jill fir d'éischt mol um Fändel scheitert, trëfft hatt de Khalid, besser bekannt als Oke, am Konrad zu Bouneweg. Ganz onbekannt ass hien him awer net: Déi zwee kennen sech schonn duerch Musek, Podcasts an Instagram.
De Khalid schwätzt iwwer säi Wee als Museker, säi Liewen tëscht Lëtzebuerg an Nigeria an d'Gefill, zwou Heemechten ze hunn. Dobäi geet et ëm grouss Bünen, perséinlech Wendepunkten, Famill, Rassismus, Therapie a seng Relatioun zur Musek. Fir hien ass Musek nämlech vill méi ewéi nëmmen Entertainment: Si ass eng Manéier, Geschichten ze erzielen, Kulturen ze verbannen an Themen unzeschwätzen, déi him wichteg sinn.
E Gespréich iwwer Wuerzelen, Identitéit, Alter-egoen, grouss Dreem an doriwwer, firwat een heiansdo aus der Rei danze muss, fir säin eegene Wee ze fannen.
(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d’Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.