(On)bekannt - Cecilia Said Vieira

Von Jill LallemangLynn Warken

Stell der vir, du gëss iergendwou hi bestallt a begéins enger Persoun, mat där s du potere solls – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. Fir vill vun eis eng Horrorvirstellung.

D'Jill Lallemang kënnt reegelméisseg an déi Situatioun, an zwar fräiwëlleg. Et weess am Virfeld net, wien him virun d'Nues gesat gëtt. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung solle bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 3

Am drëtten Episod léiert d’Jill d’Marketingstudentin Cecilia Said Vieira kennen. Bekannt gouf et virun allem duerch säi Podcast "Ceci do you love me?". Am Gespréich schwätzen déi zwou Fraen iwwert dem Ceci säin Hausdéier - e Kéisécker, erkläre firwat Catcalling kee Kompliment ass, ginn der Fro no wat gudde Marketing ass an analyséieren d’Datingapps.

*op Lëtzebuergesch

Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Unsichtbare Frauen