
De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
(On)bekannt - Ep. 19
Fir dës Episod vun (On)bekannt huet d'Jill de Café géint de Musée getosch. Op der Nuit des Musées 2023 huet hatt nieft villen anere Podcaster*inne säi Coup de Coeur virgestallt – also dat Konschtwierk, dat hatt am meeschten impressionéiert. D'Jill huet sech de Portrait vum Jean-Pierre Pescatore an der Villa Vauban erausgesicht. A mat weem kéint et sech besser iwwer dem Pescatore säin Outfit ënnerhalen, ewéi mat enger diploméierter Costume-Designerin? D'Invitée ass nämlech dës Kéier d'Caroline Koener, wat ënnert anerem fir d'Kostümer an de Filmer Superjhemp Retörns vum Felix Koch oder Rusty Boys vum Andy Bausch zoustänneg war. Mam Jill schwätzt hatt iwwer seng Aarbecht, doriwwer, wéi hatt probéiert, nohalteg ze schaffen, a fir wat d'Natur hatt inspiréiert.
*op Lëtzebuergesch

