(On)bekannt - Tom Hecker

Von Jill LallemangLex Kleren

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

(On)bekannt - Ep. 18

An dësem Episod trëfft d'Jill op den Tom Hecker, eemolege President (wat hien zum Zäitpunkt vum Interview nach war) an aktuelle Vize-President vu Rosa Lëtzebuerg. Op eis Invitatioun an de Podcast hin, war déi éischt Fro: "Wee soll kommen? Ech privat, also den Tom, oder d'Tatta Tom?" Well d'Tatta Tom dräi Stonne gebraucht hätt, fir sech fäerdeg ze maachen, hu mir eis fir den interview mam Tom entscheet. Seng Alter-Egoe waren trotzdeem Thema, genau sou wéi de Shitstorm, deen hien Mëtt des Jores wéinst enger Kannerliesung ofkrut. Den Tom ass och e Mënsch mat ville Passiounen. Mam Jill schwätzt hien iwwert säi Liblings-Disney-Charakter, seng Filmkarriär a seng spirituell Oder.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Opgepikt - Enter the Void