Eng Woch no der Pride Week huet de Lëtzebuerger Journal queer Aktivist*innen an d‘Ministesch Corinne Cahen invitéiert, fir iwwert d’Situatioun vu LGBTI+-Mënschen hei zu Lëtzebuerg ze schwätzen.
Vum 1. bis 10. Juli gouf d‘Luxembourg Pride Week gefeiert. Et ass eng Woch wärend där Lëtzebuerg d'Kultur an d'Geschicht vun der LGBTI+-Community feiert a fir d’Rechter vu queere Mënsche gekämpft gëtt. LGBTI+ steet fir Lesbesch, Schwul (de „G“ vum englesche Wuert „Gay“), Bisexuell, Transgeschlechtlech an Intergeschlechtlech Mënschen. De Plus steet fir all déi aner sexuell a geschlechtlech Identitéiten, déi hei zu Lëtzebuerg an op der Welt existéieren. Queer kann een als Sammelbegrëff fir LGBTI+-Mënsche verstoen, mat der Nuance, dass d’Iddi, enger bestëmmter Kategorie zougehéieren ze mussen, ausfält.
Wärend der Table Ronde schwätzen d‘Invitéen iwwert Educatioun, Safe Spaces an dem Staat seng Roll a punkto LGBTI+-Inclusioun. D‘Table Ronde liwwert ee klengen Abléck an déi vill Thematiken, déi LGBTI+-Mënschen hei zu Lëtzebuerg am Alldag affektéieren.
Du willst mehr? Hol dir den Zugang.
-
Jahresabo185,00 €/Jahr
-
Monatsabo18,50 €/Monat
-
Zukunftsabo für Abonnent*innen im Alter von unter 26 Jahren120,00 €/Jahr
Du hast bereits ein Konto?
Einloggen