Eise Kaffisdësch ass weider am ganze Land ënnerwee. A wéi all Kéiers kommen dobäi spannend Gespréicher eraus, déi mir an engem Podcast ophuelen. Dës Kéier schwätze mir mam Andy Maar a mam Jeannine Langers vu Rosa Lëtzebuerg iwwert de Sujet Pride - an dat op der Luxembourg Pride.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
Ep. 5 – Pride
Am Joer 1999 gouf et fir déi éischte Kéier eng Pride zu Lëtzebuerg. Ugefaang huet alles ganz bescheiden, mat e puer Informatiounsstänn op der Place des Capucins ënnert dem Numm Gaymat. Haut schwätzt ee vun der Luxembourg Pride, an déi ass e konterbont Groussevent, mat enger Marche, Musek, Kënschtler*innen a virun allem och enger grousser, lieweger Community, déi gutt gelaunt duerch d'Stroossen bëselt.
Dëst Joer war d'Luxembourg Pride fir déi éischte Kéier säit laangem mol rëm an der Stad amplaz zu Esch. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal op der Place Clairefontaine mat guddem Kaffi vun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", am Asaz, fir mat eise Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Firwat brauch een d'Pride haut nach ëmmer? Dës Fro stoung am Zentrum vum Gespréich mam Andy Maar an der Jeannine Langers. Fir si ass kloer: Pride ass méi wéi eng Party. Et ass eng Demonstratioun, déi drun erënnert, datt d'LGBTQIA+-Community nach laang net iwwerall déi selwecht Rechter huet – an datt dat och esou un d'Politik weidergedroe muss ginn.
Si sinn och selwer Deel vun der Community a schwätzen aus éischter Hand mam Maxime Toussaint iwwer d'Thema Outing, iwwer dat, wat nach ze maache bleift, an doriwwer, firwat et wichteg ass, datt d'Ënnerstëtzung net verluer geet – grad an enger Zäit, wou anti-woke-Narrativer um rietse Spektrum ëmmer méi haart ginn.
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air"-Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Pride" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit an d'Gespréich mat afléisse gelooss.