(On)bekannt - Pierre Dillenburg

Von Jill LallemangLynn Warken

Stell der vir, du gëss iergendwou hi bestallt a begéins enger Persoun, mat där s du potere solls – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. Fir vill vun eis eng Horrorvirstellung.

D’Jill Lallemang kënnt reegelméisseg an déi Situatioun, an zwar fräiwëlleg. Et weess am Virfeld net, wien him virun d’Nues gesat gëtt. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d’Gespréich an eng aner Richtung solle bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 2

Am zweeten Episod trëfft d'Jill op de Pierre Dillenburg, fréiere Chamber-Generalsekretär, Adelsexpert a Kazelibhaber. Am Gespréich schwäermt den „Dill“ vu senger beschter Frëndin Colette Flesch, seet seng Meenung zum Oprah-Interview mam Meghan a mam Harry, an erkläert seng kritesch Haltung géintiwwer Gay-Prides.

*op Lëtzebuergesch