(On)bekannt - Berlinski

Von Jill LallemangLynn Warken

Stell der vir, du gëss iergendwou hi bestallt a begéins enger Persoun, mat där s du eng Stënnche laang solls poteren – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. Fir vill vun eis eng Horrorvirstellung.

D’Jill Lallemang kënnt reegelméisseg an déi Situatioun, an zwar fräiwëlleg. Et weess am Virfeld net, wien him virun d’Nues gesat gëtt. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d’Gespréich an eng aner Richtung solle bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 1

Am éischten Episod trëfft d'Jill op de Florian Turner-Vetter, deen op Instagram och bekannt ass als “Berlinski”. E Miseler, dee laang Zäit zu Berlin gelieft huet. Et war eng prägend Zäit fir hien, an där hien och seng Fra kennegeléiert a mam Sneaker-Business ugefaangen huet. Nieft senger Passioun fir Fotografie a Moud ass de Flo Doktorand op der UNI.lu am Fachberäich "Digital an Zäitgeschicht".

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Eine radikale Entscheidung