New Work #3 - Staatlech Hëllefe fir d'Weiderbildung

Sponsored content

De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #3

Staatlech Hëllefe fir d'Weiderbildung

Life long learning, also e liewe laangt léiere gëtt ëmmer méi wichteg. D’Kompetenzufuederunge klammen an d’Beruffer gi méi komplex. Op internationalem Niveau, ginn et och schonn eng Partie Modeller wéi een déi aktiv Bevëlkerung nach besser an hirer Weiderbildung ënnerstëtze kann. D’Chambre des Salariés gesäit nach méi Potenzial dodran, déi speziell Congéen, déi elo scho kënnen ugefrot ginn an Zukunft nach méi flexibel ze notzen a fuerdert, datt den Accès an d’Informatioune ronderëm d‘Formatioune verbessert ginn.

An dësem Episod erkläert d’Jeannine Kohn, Conseillère de direction bei der CSL, wéi eng staatlech Hëllefen de Salariéen zoustinn. Zousätzlech kënnen och Entreprise Kofinanzementer fir hir Mataarbechter*innen ufroen, wéi de Sam Friederici vum Institut National pour le Développement de la Formation Continue (INFPC) confirméiert. Nieft de finanziellen Ënnerstëtzunge ginn d’Formatiounen och zäitlech esou ugepasst, datt d’Participanten, trotz ënnerschiddleche Schaffzäiten, sou gutt et geet deelhuele kënnen, sou d’Sandra Grunewald, zoustänneg fir den Developpement vum Life Long Learning Center.

00:00
00:00
In Zusammenarbeit mit
Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Opgepikt - Tattoo You